Verdréit Ärem Valentin de Kapp: Beautytipps fir Vältesdag mat editus.lu:

Dir braucht Hëllef beim Styling? editus.lu huet fir Iech déi richteg Adressen!

De 14. Februar ass a bleift ee vun deene wichtegsten Deeg fir déi Verléiften ënnert eis. editus.lu gëtt Iech elo déi richteg Beauty Tipps fir Ärem Valentin de Kapp ze verdréien.

Näischt ass méi sexy ewéi eng douce Haut. Benotzt duerfir eng gutt Crème, maacht Iech eng Gesiichtsmask oder gitt an en Institut de Beauté.

Fir wonnerschéi glänzend Hoer maacht Iech eng Hoermask oder wéi wär et mat engem klenge Relooking beim Coiffer?

Bei de Kleeder, der Ënnerwäsch an de Schong dierf et roueg e bësse méi elegant si wéi gewinnt. Mee denkt drun bequem Schong anzepaken am Fall vun engem romantesche Spadséiergang. Lo feele just nach déi richteg Accessoiren!

Komme mer bei de Make-up. Eng Manikür, falsch Wimperen oder e schéine Lëppestëft, am beschten natierlech een deen net verwëscht. Ma näischt ass méi unzéiend wéi e schéint Laachen,duerfir fleegt Är Zänn!

Lo feelt just nach de richtege Parfum, a scho steet engem perfekte Vältesdag näischt méi am Wee.

Op editus.lu fannt dir 465 Instituten, 598 Coifferen, esou wéi 102 Parfümerien. A fir all d’Singlen, maacht Iech e schéinen Dag ënner Frëndinnen an engem vu 75 Wellnessen déi mir Iech op editus.lu proposéieren.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden

Editus Hei an Elo 12.02.2018
...