Brauch e Kand wierklech schonn e Kont op der Bank?Editus.lu verréit iech firwat et der Wäert ass.

Wat sinn d'Virdeeler an op wat muss dir oppasse wann dir e Kont opmaacht? Gidd et hei gewuer.

Brauch e Kand wierklech schonn e Kont op der Bank? Dat ass eng Fro déi sech wuel vill Eltere stellen. Editus.lu verréit iech elo firwat et der Wäert ass.

Esou laang är Kleng mannerjäreg sinn, sidd dir als Elteren déi eenzeg déi kënnt e Compte opmaachen an dir hutt de kompletten Iwwerbléck iwwert déi finanziell Situatioun.

Wann äert Kand bis volljäreg ass, gëtt et Titulaire vu sengem Kont a kann ouni äert Averständnis seng Finanze reegelen. Vun deem Moment un kann et och eng Demande maache fir eng eege Kreditkaart oder fir en neie Compte opzemaachen.

Mee keng Angscht d'Bank hält weiderhin alles am Bléck: d'Produite sinn un d'finanziell Situatioun vun deene Jonken ugepasst an oft sinn d'Elteren weiderhin als Garant gefrot, zum Beispill bei enger Demande fir e Kredit.

Loosst är Kanner och roueg vun Ufank un bei all Rendez-vous op der Bank dobäi sinn a mat entscheeden. Esou léieren se scho fréi mat Suen a mat Responsabilitéiten ëmgoen.

Wann Dir Ärem Kand elo e Compte opmaacht profitéiert et net nëmme vun intressanten Tauxe ma et ka virun allem iwwert all déi Joren eng gutt Somme spueren.

Mat 11, 12 Joer fänkt et un richteg intressant ze ginn e Compte ze hunn, well fir d'Gebuertsdeeg oder d'Feierdeeg kritt een gär emol eng Enveloppe mat Suen an och d'Täschegeld kënnt dir esou ganz einfach op de Spuerkont iwwerweisen.

Erënnert är Kanner nach emol drun kengem de Code vun der Kaart ze verroden a leet zesummen eng Limitt fest, déi Dir iwwregens zu all Moment adaptéiere kënnt.

Oft si speziell Offere fir Kanner a Jugendlecher virgesinn, duerfir huelt Iech gutt Zäit d’Offeren op deene verschiddene Banken ze vergläichen.

Op editus.lu fannt dir 400 Banken, esou wéi 64 online Banke fir e Compte opzemaachen. A wien gutt spuert dee kann sech natierlech och eppes gënnen. Duerfir gëtt et op editus.lu eng Lëscht mat ganzer 85 Spillbutteker.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App