St. Patricks Day steet virun der Dier: Wéi wär et mat engem Citytrip op Dublin?

Irish Pubs, gutt Musek an de beléifte Guinness Béier

De Samschden ass St. Patricks Day, perfekt fir e klengen Trip op Dublin.

Editus.lu verréit Iech elo scho firwat et absolut der Wäert ass an d’Haaptstad vun Irland ze goen. Ugefaange mam Transport, well vum Findel aus sidd dir schonn an annerhallwer Stonn do.

Dublin ass e Must fir jiddereen dee gäre feiert. Am Quartier Temple Bar si der ëmgi vu Pubs mat Live-Bands a guddem Béier. An och wann dir kee Fan vu Béier sidd, dir kommt net laanscht de bekannte Guinness, en donkele Béier, deen esou guer säin eegent Storehouse zu Dublin huet. E Musée op ganzer 7 Stäck, wou dir zum Schluss vun der Visite kënnt der e Pint Guinness genéisse bei enger 360 Grad Vue iwwert d’ganz Stad.

D’Iren waren ni immens beléift fir hir Kachkënscht, haut ginn et awer vill kulinaresch Spezialitéiten a klenge lokale Restauranten ze schmaachen, esou zum Beispill de Beef Stew oder e Rëndsragout an enger Guinness Zooss.

Eng 30 Minutte mam Zuch vun Dublin kann ee beim Mier entspanen an e frësch gefaangene Fësch um Hafe genéissen.

Irland ass donieft och fir seng grouss Unzuel u renomméierte Schrëftsteller bekannt, dorënner de Samuel Becket oder Oscar Wilde. Hir Wierker fannt der an der berühmter Bibliothéik vum Trinity College, déi schonn zanter 1592 besteet.

Loscht kritt op Dublin? Op editus.lu fannt Dir 155 Reese-Agencen fir äre Citytrip ze reservéieren, 198 Schong-Geschäfter fir dass der d’Féiss net wéi kritt, a 94 Maroquinerien fir déi passend Valiss.

An e leschten Tipp, denkt un äre Prabbeli!

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App

Editus : Hei an Elo 12.03.2018
123