Vakanzenaktivitéite fir d'Kanner:Kreativ Iddie fir d'Ouschtervakanz

Et ass Ouschtervakanz an är Kanner wëssen näischt doheem mat sech unzefänken? Editus.lu gëtt iech e puer kreativ an einfach Iddie mat op de Wee fir är Kanner ze beschäftegen.

Ugefaange mat engem selwer gebastelten Auto-Circuit aus faarwegen Tape. Zeechent um Buedem ären eegene Rond-Point, Parkplazen a Stroossesignaler a scho fillen déi Kleng sech wéi op der Strooss.

Wie wollt net schonn ëmmer säin eegent Indianerzelt wou sech owes spannend Geschichten dra verzielt ginn? Dir braucht just e bëssen Holz, e wäisst Duch, e Seel, Bitzgeschir an Acrylfaarf.

Editus : Hei an Elo - 02.04.2018
123

Ganz beléift bei deene Klengen ass och e klenge Mäerchegaart. Duerfir braucht dir e grousst Blummendëppen, wou der e klengt hëlzen Haischen, e puer Planzen a faarweg Stengercher drasetzt a schonn ass äre Mäerchegaart perfekt.

Fir d’Kreativitéit vun äre Kanner ze fuerderen ass e Collage genee dat richtegt. Alles wat dir braucht ass en DinA3 Blat, Aquarel Faarwen, en aalt Billerbuch, Pech, eng Schéier an eng wäiss Rumm.

Wéi wier et mat enger Schëff-Course an engem Kullang? Fir déi 2 Miniaturschëffer déi géinteneen untriede braucht Dir 2 Stécker Seef, Zännstocher, e bësse Stoff an 2 verschidde Faarwe fir d’Fändelen, eng Schéier an eng Pech-Pistoul.

A wann dat alles nach net duergeet, wéi wäert et da mat enger selwer gebastelter Klunsch aus Holz, Intefëschen , engem Mosaikbild oder engem personaliséierten T-Shirt? All eis Iddie fannt dir op editus.lu genee sou wéi 20 verschidde Bastelbutteker wou dir alles fannt wat dir fir déi verschidden Aktivitéite braucht.

An iwwregens d’Vakanz ass och eng gutt Geleeënheet fir emol nees eppes zesummen z’ënnerhuelen. Op editus.lu fannt dir 55 Muséeën a 37 Schwämme fir e flotten Dag mat der Famill.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App