Sot Stopp zu de Bakterien: Wéi botzt ee säi Smartphone oder Tablet richteg?

Hei e puer Tipps!

Computeren, Smartphones, Tablets sinn aus eisem Alldag net méi ewech ze denken. Leider, si se net ëmmer einfach propper ze halen. Duerfir hei e puer gutt Rotschléi!

Studien hu bewisen, dass en Handy 10 mol méi Bakterien enthält ewéi eng Toilette. Fir dëst ze reduzéiere soll een eemol den Dag den Ecran mat engem Duch oder Kichepabeier ofwëschen.

Fir méi grëndlech ze botzen an e Maximum u Bakterien z’eliminéieren, zappt äert Duch a Waasser mat en bëssen Alkohol oder Esseg an dréchent duerno den Apparat grëndlech of.

Fir är Botzaktioun ze perfektionéieren, huelt en Ouerestäbchen an demontéiert déi hënnescht Struktur vum Apparat, fir och hei bis an dee klengsten Eck alles propper ze kréien. Widderhuelt dës Schrëtter och op der Housse vun ärem Tablet oder Smartphone.

Eriwwer bei d’Tastatur. Och hei verstoppt sech esou munchen Dreck. Dir kënnt einfach mat engem renge Pinsel oder engem Schminkstëft tëscht den Taste botzen. Duerno Alkohol oder Esseg mat Waasser verdënnen, a mat ärem Duch iwwert Taste fueren, fir sécher ze goen dass sou vill wei méiglech Bakterien zerstéiert ginn.

Sot Stopp zu Bakterien op ären Kopfhörer! Fëllt eng Taass mat Waasser a seef a loosst de Silikondeel vun ärem Kopfhörer e puer Minutten aweechen. Fir de Kabel an de Recht vum Kopfhörer ze botzen, huelt en Ouerestäbche fir déi kleng Lächer a Kichepabeier mat engem Desinfektiounsmëttel fir ofzeschléissen. Loosst de Kopfhörer gutt dréchnen, dass och näischt futti geet. Denkt drun Kopfhörer si fir Iech geduecht, deelt se net mat anere Leit.

Brauch dir en neie Computer, Tablett oder Smartphone? Op Editus.lu fann dir 346 Informatiksgeschäfter, 45 Revendeuren an 79 Geschäfter fir Smartphones. A wann der ären neien Apparat an der Hand hutt, vergiesst net eis App erofzeluede fir all eis Servicer ze entdecken!

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App