De Summer steet virun der Dir an dir wëllt e puer Kilo ofhuelen?editus.lu seet Iech op wat ee beim Ofhuelen oppassen muss:

Eng Moolzecht am Dag ausloosse klengt logesch mee ass e grousse Feeler. Dir riskéiert nämlech bei der nächster Moolzecht méi z’iessen, well der méi Honger hutt an de Kierper stockéiert dës Moolzecht och méi laang well em soss eppes feelt.

Iwwerdreift et net mat de Light Produiten. Oft enthalen dës kalorienaarm Produiten zwar manner Zocker mee hunn e méi héije Fettgehalt fir de Goût ze erhalen.

E komplette Verzicht op Kuelenhydrater ass och net déi richteg Léisung. Kuelenhydrater bréngen Energie a si siedegent, wann een se a raisonnabele Quantitéite consomméiert.

Intensiv Sport maache bréngt näischt ouni déi richteg Ernierung! Léiwer e bësse manner Sport maache mee duerfir awer reegelméisseg, 3 mol d’Woch geet duer a bréngt Iech anengems e bessert Kierpergefill.

Komplett op Fetter verzichten ass schlecht fir eisen Organismus. Eise Kierper brauch gewësse Fetter fir Energi ze stockéieren. Gutt Fetter fannt der ënner anerem am Olivenueleg, Kokosnossueleg, Saumon oder Avocado.

Opgepasst mat Pëlle géint d’Hongergefill. Den Honger verschwënnt net mee gëtt just erausgezögert. E kënnt also méi spéit mee duerfir méi intensiv zeréck. Duerfir léiwer en Apel oder en Ee iessen, déi op natierlech Aart a Weis den Honger stëllen.

Ofhuelen duerch vill Waasser drénken ass leider och just e Mythos. Trotzdeem, Waasser drénken ass gutt fir eisen Organismus a kann och e bësse siedegen.  

Op alles beieneen verzichte wärend dem Regimm léisst Frust aus, an ass de Regimm emol eriwwer da fänkt ee meeschtens nees u mat sënnegen an hëlt déi verluere Kiloen nees séier zou.

Prett fir e gesonden an equilibréierte Regimm? Op editus.lu ginn et 66 Geschäfter fir är Akeef, Ronn 40 Dieteticienen a wann een dotëscht emol eng kleng Belounung brauch 326 Bäcker a Patissieren.

Editus Hei an Elo 07.05.2018
...