Op der Sich no engem neie Coiffer? Editus.lu gëtt Iech e puer Rotschléi mat op de Wee.

Fannt 707 Coifferen op editus.lu, dorënner 143 Faarf-Experten an 93 Spezialiste fir Är Hochzäit.

De richtege Coiffer fannen ass guer net esou einfach. Heiansdo dauert et éiweg fir e Rendez-vous ze kréien an am schlëmmste Fall gesi Dir nom Coiffer méi schlëmm aus ewéi virdrun. Eppes steet op alle Fall fest: Et geet een net bei deen éischtbeschte Coiffer eran ouni sech am Virfeld z’informéieren! Duerfir hei e puer gutt Rotschléi.

Ier Dir e Rendez-vous bei engem Coiffer huelt, ëmfrot Iech an Ärem Ëmfeld wéi eng Coiffere gutt sinn. De Bouche-à-oreille spillt nämlech eng wichteg Roll, genee esou wéi d’online Commentairen op der Facebook-Säit vun de Coifferen.

Fir Iech e richtegt Bild ze maache gitt och roueg emol bei e puer Coifferen eraluussen. Esou gesi Dir och direkt ob et propper dobannen ass a wéi de Stil vum Salon ass.  Schonn eleng d’Coupe vun de Coiffere selwer seet vill iwwert de Salon aus.

Et kënnt awer net nëmmen op déi optesch Impressioun un, ma och op d’Frëndlechkeet an d’Professionalitéit vum Personal. Duerfir schwätzt och roueg mat de Coifferen dobannen a loosst Iech beroden, esou weess Dir direkt ob dir Iech dobanne wuelfillt an ob d’Personal sech Zäit fir Iech hëlt.

Vergiesst net och d’Tariffer vun de verschiddene Salonen ze vergläichen. Oft hunn déi kleng Salone méi raisonnabel Präisser wéi déi grouss. Traut Iech och roueg de Präis am viraus ze froen, net dass Dir duerno vum Stull faalt wann Dir de Präis gewuer gitt.

A wann Dir guer net wësst wat Dir maache loosse wëllt, dann huelt Iech e Rendez-vous bei engem Coiffeur-Visagist, deen Iech eng Coupe an eng Faarf proposéiert, déi perfekt bei Äert Gesiicht an Ären Teint passt.   

Op Editus.lu fannt Dir 707 Coifferen am Land, dorënner 143 Faarf-Experten an 93 Spezialiste fir Är Hochzäit.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App

Editus Hei an Elo 21.05.2018
...