Dir wëllt kierperlech a mental fit bleiwen? editus.lu verréit Iech firwat Tennis de perfekte Sport ass

Op editus.lu fannt Dir 75 Tennisclibb, 109 Sportsgeschäfter an 72 Coachen.

Wann dir gären Tennis kuckt, firwat dann och net selwer spillen! Mir ginn Iech hei e puer gutt Grënn fir mam Tennis unzefänken.

Wann dir net gären jogge gitt, dann ass Tennis de perfekte Sport fir Är Ausdauer ze trainéieren a fir Är iwwerflësseg Kiloe lasszeginn.

Tennis ass e kierperleche Sport, bei deem Dir dauernd vun enger Säit bis op déi aner vum Terrain laaft. Mat enger Stonn Tennis kënnt Dir schonn tëschent 400 a 600 Kalorie verbrauchen.

Och fir Cardio-vasculaire Krankheete virzebeugen ass Tennis e gudde Sport. Wann Dir op mannst 2 Stonnen d’Woch Tennis spillt, kënnt Dir de Risiko vun enger Häerzattack em 50% reduzéieren.

Beim Tennis reegt Dir donieft Är Artikulatioun an Är Muskelen un. Ma wien elo mengt dass een domadder just Muskelen an engem Aarm opbaut, dee läit falsch! Hei gi sämtlech Muskele beusprocht vun Aren Uewerbee bis zu Äre Bauchmuskelen, an Dir trainéiert donieft och Är Koordinatioun.

Dass Sport géint Stress hëlleft ass gewosst, ma beim Tennis ass dësen Effekt nach méi staark. Dir musst Iech nämlech ganz op dee klenge giele Ball an op Äert Spill fokusséieren a vergiesst esou fir ee Moment Är ganz Suergen.

Beim Tennis gëtt eben net nëmmen Äre Kierper beusprocht ma och Äert Gehir, hei ass nämlech e strategescht Denken an eng gutt Taktik gefrot fir Äre Géigner ze schloen.

An do ass natierlech och Gedold e wichtegt Stechwuert, et kënnt op de richtege Moment u fir zouzeschloen. Een Echange ka roueg emol e puer Minutten daueren, hei gëllt et also gedëlleg a konzentréiert ze bleiwen!

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App

Editus Hei an Elo 04.06.2018
...