D'Summervakanz steet virun der Dier:Mee wien passt op Äert Hausdéier op?

Op editus.lu fannt Dir 28 Déierepensiounen an 18 Garderien, esou wéi 47 Déieregeschäfter.

En Hausdéier ze hunn ass eng wonnerschéin Erfarung. Et kann een se knuddelen, mat hinne spillen an am léifste wéilt een se iwwerall mathuelen, esouguer an d’Vakanz. Leider ass dat net ëmmer méiglech an da stellt sech d’Fro wou ee säi léift Déier ka versuerge loossen. Editus.lu seet Iech wéi eng Méiglechkeeten et ginn.

Ugefaange mat enger Déiere-Pensioun wou är Léifste vu professionellem Personal versuergt ginn, dat meeschtens esouguer op e bestëmmten Typ Déiere spezialiséiert ass a sech u strikt Reegelen hale muss, besonnesch och a punkto Versécherung. A wann et e bësse méi Luxus soll sinn, firwat dann net en Déieren-Hotel mat Wellness a Fitness?

Eng aner Optioun wier eng Famille d’Accueil déi sech mat vill Freed a Léift em äert Déier këmmert. Wéi och scho bei deenen aneren Optiounen, muss eng Famille d’Accueil sech och u gewësse Reegelen halen a verschidden Dokumenter kënne virweisen.

Wann der äert Déierchen awer net ze vill wëllt aus senge Gewunnechte rappen, da kënnt der och eng Persoun engagéieren déi wärend ärer Vakanz bei iech doheem wunnt an d’Deier versuergt, virausgesat dir kënnt där Persoun vertrauen. Wann Iech dat awer ze vill ass, dann engagéiert léiwer e sou genannten « pet-sitter », dee just bei Iech heem no ärem Déier kucke kënnt ouni sech awer do z’installéieren.

Natierlech hunn all des Optiounen awer hire Präis, duerfir bitt sech zanter kuerzem och eng nei Optioun un déi näischt kascht : En Echange tëscht 2 Privatleit, déi sech engagéieren een deem aner säin Déier wärend de Vakanzen ze versuergen . Da bleift also just nach ze hoffen dass déi 2 Persounen net em déi selwecht Zäit Congé huelen.

Ma egal wéi eng Optioun dir huelt, am beschten dir informéiert iech anstänneg am viraus fir dass äert Déier gutt opgehuewen ass an dir mat fräiem Gewëssen är Vakanz genéisse kënnt. Op editus.lu fannt dir 28 Déiere-Pensiounen an 18 Garderien hei am Land, esou wéi 47 Déieregeschäfter fir äert Déierchen ze verwinne wann der nees zeréck sidd.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App.

Editus Hei an Elo 18.06.2018
...