Dir wëllt onbedéngt am Summer fort mee sidd nees vill ze spéit un?Editus.lu gëtt Iech e puer Tuyaue fir Är Last Minute Vakanz!

Op editus.lu ginn et 146 Reesagencen, 92 spezialiséiert Kosmetik-Geschäfter, a firwat net nach séier en neie Bikini kafe fir op der Plage ze brutzelen.

Op de leschte Stëppel ass et net ëmmer evident eng flott Destinatioun ze fannen ouni e Verméigen auszeginn. Duerfir schreift Iech op spezialiséierte Siten an oder gitt an eng Reesagence, déi Iech eng Formule zesummestellt, déi un Äre Budget an Är Besoinen ugepasst ass.

Vergiesst net dass een net ëmmer immens wäit fort muss fir ofzeschalten. Et geet jo haaptsächlech drëms dem Alldags-Stress z’entkommen. Duerfir sicht Iech vläicht am Beschten eng Plaz eraus déi net esou vill Touristen unzitt. Éischtens hutt der dann Är Rou an zweetens ass et och e gutt Stéck méi bëlleg.  

Sidd e bësse flexibel wat är Rees-Datumer ugeet. D’Präisser vun de Flich kënne vun engem Dag op deen anere staark variéieren. Vergläicht d’Präisser vun de Flich also a passt Ären Aller-Retour der beschter Offer un.

Wann Dir Last-Minute an d’Vakanz gitt, da kënnt et op eng gutt Organisatioun un. Esou bal gebucht ass, geet et lass mam plangen. Wéi gëtt d’Wieder, wat brauch ech dohannen a wat doen ech un? Wann dat bis gekläert ass, dann ass d'Wallis séier gepaakt.

Preparéiert och onbedéngt Är Dokumenter mat de Reservatioune vun Transport a Logement, a vergiesst natierlech net Är Carte d’identité oder Äre Pass ! Wann Dir alles am viraus plangt, dann entsteet och keng Panik e puer Stonne virum Depart.

Wann der elo och Loscht hutt nach Last-Minute ze verreesen, op editus.lu ginn et 146 Reesagencen, 92 spezialiséiert Kosmetik-Geschäfter, a firwat net nach séier en neie Bikini kafe fir op der Plage ze brutzelen ;)  

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App

Editus Hei an Elo 02.07.2018
...