Fitness doheem? Editus.lu verréit Iech wéi dat geet

Dir hutt absolut keng Loscht nach no der Aarbecht an de Fitness ze goen? Wéi wier et da mat engem Privat-Coach, dee bei Iech heemkënnt?

Dëst huet esou munch Virdeeler, ugefaange mat engem personnaliséierte Programm, deen un Är Ziler a virun allem Är Ausdauer ugepasst ass.

Äre Coach kann sech eleng op Iech konzentréieren an Iech genee weise wéi Dir Är Übunge maache sollt, esou dass Dir Iech net wéi ditt.                       

Wann dir richteg encadréiert gitt, da gesitt Dir och méi séier e Resultat. Dir gitt Iech nämlech méi drun a gitt iwwer Är Grenzen eraus, an dat ass net nëmme gutt fir Äre Kierper, ma och fir d'Moral.

Mat engem ganz perséinlechen an ofwiesslungsräiche Programm bleift Dir och méi laang motivéiert, anescht ewéi am Fitness, wou d’Motivatioun meeschtens schonn no e puer Wochen noléisst, well et ëmmer dat selwecht ass.

Doheem sidd Dir och net dauernd frieme Blécker ausgesat a musst net éiweg waarde bis mol e Fitness-Gerät fräi ass.                          

Wann e Coach bei Iech heemkënnt spuert Dir vill Zäit a kënnt Är Seance ganz entspaant doheem ufänken, wéini Dir wëllt.    

Natierlech kënnt Dir och eleng doheem Sport maache mat Online Videoe mee näischt ass méi wichteg wéi eng Persoun ronderëm Iech ze hunn déi Iech motivéiert, Iech nolauschtert a richteg beréit!                            

Op Editus.lu fannt Dir 67 Sportscoachen déi Iech op Trapp halen, genee esou wéi 113 Sports-Geschäfter mat der richteger Kleedung.

A wat gëtt et Besseres nom Sport wéi iessen, natierlech am beschten eppes Gesondes, ma et soll een sech jo och emol eppes gënnen. Op editus.lu waarde ganzer 46 Chocolaterien op Iech.

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat Dir maacht.

Fannt eis online oder via App