Wat ënnerhuelen wann et reent? Editus.lu gëtt Iech e puer gutt Iddien mat op de Wee

Wéi wann et net scho géing duergoen dass et kal a gro am Hierscht ass, kënnt leider nach oft de Reen dobäi. Kee Grond awer net méi aus dem Haus ze goen.

Editus.lu seet Iech wat dir bei schlechtem Wieder ënnerhuele kënnt.

Wéi wier et zum Beispill mam Karting-Center zu Grüfflingen? Déi ideal Aktivitéit fir Ënnerdaach an den Adrenalin-Kick ass garantéiert! A fir déi déi kee Spaass um Fueren hunn, hei gëtt et och Bowling, Laser Game, Fun Boxing, Rodéo, 3D Mini-golf oder Sumo!

Fir e flotten Dag mat der Famill ze verbréngen eegent sech och den X-Treme Bowling & Billard zu Féiz mat ganzer 20 Bowling-Pisten an 12 Billardsdëscher.

Am LuxGolfhouse zu Bartreng erwaarden iech Simulatore mat méi ewéi 100 verschiddene Parcoursen, esou wéi allméiglech Coure vun Ufänger bis bei de Profi. Donieft kënnt Dir an hirem Geschäft Golfmaterial testen an Iech professionell berode loossen!

Vu September bis Abrëll kënnt Dir och nees op der Kockelscheier Schlittschong fueren. Et ginn och Couren ugebueden an 1 mol d’Woch esouguer « Zumba on ice » Couren.

Am Musée National d’Histoire Naturelle an der Stad gëtt et och villes z’entdecken. Ob dir iech fir d’Déieren, Planzen oder Steng begeeschtert, hei kritt dir en déiwen Abléck an d’Welt vun de Wëssenschaften!

Hei an elo mat editus.lu. Mir begleeden Iech iwwerall bei allem wat dir maacht!

Fannt eis online oder via App