Den Donneschdeg, 31. Mee war nees Jobdag op RTL an och dës Kéier hu mir probéiert de Patronen ze hëllefen nei Mataarbechter ze fannen!


  • RTL Jobdag - Comptabel, Direktiouns Assistent, Sekretär/in, "homme à tout faire"

    31.05.2018, 17:10

    Vun 08h00 de Moien un hu mer an eisem Jobcenter an der City Concorde no Leit gesicht déi d'Aarbecht net scheien. Méi wéi 800 Plazen fann der op rtl.lu an 2 Patronen sinn elo nach emol beim Mikro fir op sech opmierksam ze maachen. Déi éischt sin vir.

  • RTL Jobdag - Schaarschtechbotzer, Telekommunikatiouns Beruffer a Leit fir Zeitungen auszedroen

    31.05.2018, 16:10

    Wann der elo eréischt op den Jobdag opmierksam gi sidd dann hu der zwar scho vill verpasst. Op radio.rtl.lu kënn der awer nach emol alles noliesen a nolauschteren. Mir hun awer och nach frësch Wuer fir all déi, déi op der Sich sinn.

  • RTL Jobdag - Installateur, Vendeuren, Vendeusen, Leit fir d'Keess

    31.05.2018, 15:10

    Et kann net ëmmer klappen, awer mir maachen eist Bescht bei der Vermëttlung well et muss jo passen tëscht dem Patron an dem neie Mataarbechter. De Kandidat soll déi richteg Qualifikatioun, déi richteg Aarbechtsastellung a wa méiglech och nach de richtegen Know how hunn.

  • RTL Jobdag - Elektroniker, Magasinier, Techniker, Verkeefer, Léierbouwen

    31.05.2018, 14:10

    Audit PArtner, Bänker, Team Manager, Comptabel, Receptionnisten... alles Plazen déi dringend musse besat ginn. D'Annonce fannt Dir op rtl.lu. A wann Dir Frënn vun de kuerze Weeër sidd, da gitt einfach de Mëtteg bis op den RTL Jobdag an der City Concorde, well do si vill Patronen déi nëmmen drop waarde fir motivéiert Leit anzestellen. An der Vermëttler-Roll sinn och haut nees  d'Raphaëlle Dickes an de Patrick Greis

  • RTL Jobdag - Techniker, Schräiner

    31.05.2018, 13:10

    Beim RTL Jobdag an der City Concorde gëtt et keng Mëttespaus. Do geet et bis den Owend 18h00 richt duerch,an all Minutt zielt, well et gëtt jo näischt méi Schlëmmes wéi wann een aneren Iech d'Plaz vrun der Nues ewech hëllt.

  • RTL Jobdag - Mecanicien, Mechatroniker, Lackéierer, Technesche Beroder

    31.05.2018, 12:15

    De richtegen Job fällt engem net an de Schouss. Do muss ee selwer schon eppes derfir maachen. An der City Concorde ass d'Chance awer grouss dass een eng flott Aarbecht fennt well do warden eleng 60 Stänn hanner deene Patronen motivéiert nei Arbechter fir hire Betrib sichen, an RTL bréngt déi 2 Säiten beienaner.

  • RTL Jobdag - Educateuren, auxilières de vie, Beroder an europäeschen Affairen

    31.05.2018, 11:10

    Léift op den éischte Bléck, gëtt et net nëmmen am Privatliewen. Dat kann och heiansdo am Job geschéien. Bis 18h00 ass d'Partnerbourse an der City Concorde op, well do kann een dem Patron vun den nächsten 10, 20, 30 Joer iwwer d'Liewen lafen.

  • RTL Jobdag - Grafiker, Schlesser, Monteur, Techniker, Camionschauffeur

    31.05.2018, 10:10

    "Ech hu schonn esouvill Demande geschéckt, krut awer dacks mol keng Äntwert" Dat sinn Aussoen, déi een ëmmer nees vu Leit op Aarbecht Sich héiert. Vill Leit sinn op der Sich, d'Konkurrenz ass ebe grouss, Déi gutt Nouvelle: haut um RTL Jobdag an der City Concorde hutt Dir d'Geleeënheet Iech direkt perséinlech bei de Patronen déi astellen, virzestellen. Patrick Greis a Raphaëlle Dickes, watfir Plazen hätt Dir ze bidden?

  • RTL Jobdag - Installateur, Comptabel, Magasinier, Mecanicien...

    31.05.2018, 09:15

    Zanter gutt enger Stonn fonctionnéiert an der City Concorde den RTL Jobcenter. E ganz wichtegen Dag fir déi 2 Säiten déi sichen; d'Patronen an natierlech och d'Leit déi de Moment ouni Plaz do stinn oder sech veränneren oder verbesseren wëllen.

  • RTL Jobdag - Accueil Client, Mechatroniker, Beroder am Garage

    31.05.2018, 08:40

    den RTL Jobdag ass näischt anescht wéi eng grouss Bourse wou Leit déi sichen sech begéine sollen. Op där enger Säit d'Patronen déi scho bal verzweiwelen well se déi richteg Leit net erbäi kréien an op där anerer déi Leit déi déi néideg Qualifikatioun mat sech bréngen awer bis elo net ënner Dag komm sinn. RTL versicht haut bis den Owend 18h00 ze vermëttelen.

  • RTL Jobdag

    31.05.2018, 07:20

    Dësen 31/05 misst quasi wéi e Feierdag rout agekreest sinn op ärem Kalenner, well fir all déi, déi op der Sich vun enger Aarbechtsplaz sinn déi passt, ass den RTL Jobdag gebuer ginn. Bis 18h00 den Owend kann een hei vill Patronen kennen léieren a vläit ergëtt sech jo direkt eppes wann d'Chemie stemmt. Nach eng gutt hallef Stonn an et ka lass goen.

  • Jobdag: Mat Behënnerten op der Sich

    30.05.2018, 15:10

    t'ass et schonn net onbedéngt einfach ass eng sécher Aarbechtsplaz ze fannen, héiert een ëmmer nees. A wann een dat weess, kann ee sech virstellen dass een et als Kandidat mat engem Handicap nach méi schwéier kritt. De Patrick Greis huet um Jobdag am Januar profitéiert fir mat 2 Leit ze schwätzen déi am Fall sinn. En huet awer och bei Patronen nogefrot op dat fir si a Fro kéim,

  • Jobdag: Kandidaten op der Sich

    29.05.2018, 10:45

    Nach 2 Deeg an de groussen Jobcenter an der City Concorde mécht fir e ganzen Dag seng Dieren op. Hei waarden dann zeg fräi Platzen op e Kandidat. Op där anerer Säit si natierlech och vill Interesséierten déi an dësen Deeg quasi hier Visitekärtchen oofgin. Mir schwätzen och nach vun den Audio-CV'en. De Patrick Greis huet sech d'Leit an hier Geschicht interesséiert.

  • Jobdag: Kandidaten op der Sich

    28.05.2018, 08:40

    En Donneschdeg ass RTL Jobdag an der City Concorde. Dat heescht am Jobcenter vermëttele mer vu Moies 8 bis owes 18h Kandidaten déi op der Sich sinn, an all Stonn stelle mer och 1 oder 2 Patronen vir mat deene Plazen déi se unzebidden hunn. Am viraus wëlle mer bis e Mëttwoch awer och 10 Leit d'Méiglechkeet ginn sech iwwer de Radio an den Internet méiglechst ville Patronen ze presentéieren. de Patrick Greis huet sech am Virfeld mat hinnen ënnerhal a gefrot wou de Schong dréckt a wéi en Dramberuff hinnen virschwieft.

  • RTL Jobdag (6)

    01.02.2018, 13:10

    Dacks muss ee vill Demandë schécken a laang waarden bis een an e Virstellungs-Gespréich geruff gëtt. Iwwer den RTL Jobdag sinn d'Weeër vill méi kuerz: zech Patron'e sinn haut de ganzen Dag iwwer an der Belle-Etoile mat deene kënnt Dir schwätze goen a mat Ärer Perséinlechkeet punkten. A wee weess, vläicht kënnt Dir schonn déi aner Woch op der neier Plaz ufänken. Dat ass op alle Fall Äert Zil, Patrick a Raphaëlle.

  • RTL Jobdag (5)

    01.02.2018, 12:15

    Mëttespaus gëtt et um RTL Jobdag keng. An der Belle-Etoile gëtt weider gesicht, vermëttelt an agestallt. Raphaëlle Dickes a Patrick Greis, wat hutt Dir dann elo ze bidden?

  • RTL Jobdag (4)

    01.02.2018, 11:10

    Zuele si rekordverdächteg: 800 fräi Aarbechtsplazen sinn am Kader vum RTL Jobdag gemellt. Ze fanne bei eis op der Websäit. Ganz vill Patronen sinn awer haut och am Jobcenter an der Belle Etoile ze fannen. An do schalte mer elo hinn bei eis hausintern Headhunteren Patrick Greis a Raphaëlle Dickes

  • RTL Jobdag (3)

    01.02.2018, 09:15

    Et fonctionnéiert zwar net onbedéngt ënner dem Motto "den éischten ass vir", an awer wann een schonn an den éischten Minutten e gudden Androck hannerléisst ass dat kee Feeler, dofir tommelt Iech a Richtung RTL Jobcenter. Haut de ganzen Dag ass deen an der Belle Etoile an do warden schon ongedelleg 2 Patronen mat ville ennerschiddlechen Plazen op Iech.

  • RTL Jobdag (2)

    01.02.2018, 08:40

    Zanter 8 Auer de Moien ass den RTL Jobcenter an der Belle Etoile operativ a bis 18h00 den Owend geet et elo Riicht duerch. Wann der also op der Sich no enger Aarbechtsplaz sidd, oder ganz einfach de Patron changéiere wëllt dann ass dat hei d'Geleeënheet. An dir hutt 2 Patronen bei Iech déi de Fanger ausgestreckt hunn no capabelen a motivéierten Leit

  • RTL Jobdag (1)

    01.02.2018, 07:20

    3x d'Joer organiséiert RTL en Jobdag an haut ass et den éischten fir 2018. Vun 8 Auer un kann een sech am d'RTL Jobcenter an der Belle Etoile ëmkucken, informéieren an direkt Patronen uspriechen. D'Chômagezuelen sinn zwar op 1 Joer gekuckt erof gaange, an awer ass et net vu Mutwell dem Aarbechtsmarché eng kleng Stäip ze ginn fir dass se sech fannen.