De 26te Abrëll war Léierplazendag

Den Donneschdeg, 26. Abrëll war Léierplazendag op RTL a mir hunn déi Jonk an d'Patronen zesummenbruecht! Hei kritt Dir nach eng Kéier den Iwwerbléck vun den Annoncen.




  • Léierplazen: Coiffeur

    26.04.2018, 17:10

    Et kéint een soen "d'Juegd op déi beschten Léierplazen" ass op. Zum engen geet et jo drëms ze wëssen wéi ee Beräich een interesséiert an da muss een och nach bei deem beschtméiglechen Patron ënnerkommen. d'Raphaelle an de Patrick hunn déi Sich vun där sou villes fir d'Zukunft ofhänkt suivéiert.

  • Léierplazen: mécatronicien, débosseleur, peintre, informaticien, agent administratif

    26.04.2018, 16:40

    Déi bescht Jonk Aarbechter vun haut sollen den Nowuess vu muer inspiréieren. Dat ass d'Iddi vun de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften déi nach bis e Samschdeg am CNFPC zu Esch ofgehale ginn. D'Raphaëlle Dickes, de Loïc Juchem an de Patrick Greis si fir eis op der Plaz an halen de Concours am Aen a vermëttelen an engems Léierplazen. Dës Stonn am Beräich vum Auto

  • Léierplazen: Fliger Mecanicien

    26.04.2018, 15:40

    Op de Luxskills zu Esch ginn den Ament an 11 Beruffssparten déi bescht Nowuess Aarbechter gesicht. Déi dierfen dann am September op d'Weltmeeschterschaften op Budapest. Mir profitéiere vum Concours fir Iech flott Beruffer a fräi Léierplaze virzestellen an dofir schalte mer elo bei de Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes an de CNFPC

  • Léierplazen: agent admin. et commercial, cuisinier, informaticien, vente

    26.04.2018, 14:15

    Beruffer mat Zukunft si gesicht. Um Léierplazendag am CNFPC zu Esch Sommet ginn et der eng Rei, Raphaëlle Dickes a Patrick Greis. Wéi eng proposéiert Dir eis dës Stonn?

  • Léierplazen: vente, technico-commercial

    26.04.2018, 13:10

    Et ass zwar nach fréi am Joer, mee ween fir d'Rentrée eng Léier maache wëll, deet gutt dorunner sech elo schonn ze informéieren a Kontakt mat Betriber opzehuelen. Haut um Léierplazendag op de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften am CNFPC zu Esch Sommet bitt sech dofir eng gutt Geleeënheet. Well et kann ee bal net ze fréi u sinn. Raphaëlle Dickes a Patrick Greis

  • Léierplaz: Coiffeur

    26.04.2018, 12:15

    Zu Esch am CNFPC do ass haut eist Léierplaze Vermëttlungsteam Greis an Dickes um Wierk. Well am Kader vun den nationale Beruffsmeeschter gëtt och Nowuess rekrutéiert. Also do ass de Moien vill Aarbecht

  • Léierplazen: aide-soignants, agents administratifs, apprenti cuisine

    26.04.2018, 11:20

    Ob jonk oder al, ween eng Léier an engem neie Beruff maache wëll, dee fënnt dëser Deeg Inspiratioun zu Esch op de Luxskills. Den Nationale Beruffsmeeschterschaften am CNFPC. Och de Patrick Greis, d'Raphaëlle Dickes an de Loïc Juchem huet et haut dohinner gezunn. Fir Léierplazen ze vermëttelen an de Concours ze suivéieren. Wéi leeft et dann?

  • Léierplazen: agent administratif + commercial, gestionnaire qualifiée en logistique, esthéticien

    26.04.2018, 10:10

    Haut si vill vun de jonke Lycees Schüler net an der Schoul. Mee zu Esch-Sommet op dem Luxskills Concours. Déi national Beruffsmeeschterschaften wou sech déi bescht jonk Handwierker mat enee moossen. Eng gutt Geleeënheet, sech e Bild vu verschiddene Beruffer ze maachen, grad esou wéi den Ausbildungsméiglechkeeten. An de Patrick Greis an d'Raphaëlle Dickes hëllefen Léierplazen ze vermëttelen

  • Léierplaz: Mechatroniker machines et matériel industriel/ techniques de réfrigération/postes de signalisation

    26.04.2018, 09:40

    Déi bescht Viraussetzung fir e gudden Handwierker ze ginn, ass datt ee gär bastelt a knéchelt. Wann Dir Spaass drun hutt, Saachen auserneen ze huelen an nees zesummen ze bauen, Iech e bësse fir Elektronik an Informatik interesséiert, da kënnen d'Raphaëlle Dickes an de Patrick Greis Iech haut um Léierplazendag weiderhëllefen.

  • Léierplaz: Diplôme de Technicien Vente et Gestion/Horlogerie Goeres

    26.04.2018, 08:40

    Wann Dir d'nächst Joer eng Léier wëllt ufänken, da gitt haut onbedéngt an de Centre National de Formation Professionelle Continue op Esch-Lalleng laanscht. Op de Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschafte kënnt Dir jonke Léierbouwen a Meedercher bei der Aarbecht iwwer d'Schëller kucken an Iech berode loossen wéi ee Beruff dee richtege fir Iech kéint sinn. A well de Léierplazendag haut och op Besuch bei Luxskills ass, fannt Dir vläicht souguer schonn e Patron fir Är Ausbildung. Déi zwee bei déi mer elo eriwwer schalten, déi hunn hiren Dram-Job scho fonnt, hëllefen awer gär beim Vermëttelen.

  • Léierplaz - LuxSkills 2018

    26.04.2018, 07:20

    Bal ëmmer wann et am Liewen heescht "elo gëtt et eescht" muss een eng Decisioun huelen. Et kann ee sech dat sou virstellen wéi wann een op enger Kräizung steet, wou een e puer Méiglechkeeten huet. Dat ass beim Choix vum Liewenspartner, awer och vun der Schoul, oder wéi haut vun der Léierplaz. Haut ass eise grousse Léierplazendag op RTL deen och eng Zort Orientatioun soll sinn, an dofir schalte mer all Stonn an de Centre National de Formation Professionelle Continue op Esch

  • Léierplazen-Dag: Beruffer mat Zukunft

    25.04.2018, 07:20

    De Moien um 10h ass de Startschoss fir d'Luxskills, déi national Beruffsmeeschterschaften am CNFPC zu Esch-Lalleng. Plätterchersleeër, Daachdecker, Coiffer, Floristen, Schräiner a vill aner jonk Nowuess Handwierker moosse sech do ënnert enaner. An an der flotter Kuliss wäert muer och den RTL Léierplazendag oflafen. Wou Jonker AN Erwuessener sech iwwer déi verschidde Beruffer e Bild maache kënnen. A wéi engem Beräich den Ament besonnesch gutt Aussiichten op eng Plaz bestinn, doriwwer huet d'Raphaëlle Dickes sech mam Dan Schroeder vun der Chambre des Métiers ënnerhalen.

  • Ausbléck op de Léierplazen-Dag dësen Donneschdeg

    24.04.2018, 15:45

    Iwwermuer ass den RTL Léierplazendag op Besuch bei Luxskills, den nationale Beruffsmeeschterschaften am Centre de Formation Professionelle Continue zu Esch-Lalleng. E must fir all déi, déi fir d'Rentrée Joer eng Léier ufänke wëllen. Well net just kann ee sech hei an der Competitioun e Bild iwwer déi verschidde Beruffer maachen, Raphaëlle Dickes, eventuell kann ee souguer schonn eng Léierplaz fannen.

  • RTL Jobdag

    02.06.2016, 17:10

    Elo geschwënn ass Feierowend am RTL Jobcenter. Déi lescht Stonn ass ugebrach awer och elo kréie mer nach emol nei Plazen eragemellt. An dofir gi mer direkt un d'Quell bei d'Patronen déi haut all de Kandidaten Rendez-vous am Belval Plaza ginn haten. Op där enger Säit waren dat 50 Stänn fir den Jobdag a nach emol 40 fir de Léierplazendag.

  • RTL Jobdag (10)

    02.06.2016, 16:10

    Ouni CV geet näischt um Jobdag a fir de Léierplazendag sinn et Zensuren déi een derbäi sollt hunn. A fir de Recht braucht een e bësschen Gedold an e gutt Mondwierk a schonn kann een den Owend mat engem Verspriechen, enger Zousoo oder enger neier Plaz Heem goen.

  • RTL Jobdag (9)

    02.06.2016, 15:10

    Den Aarbechtsmaart ass Polyvalent. Fir jonk a manner jonk, fir Leit déi eng fest sichen oder just eng op Zäit. Eng hallef oder eng ganzdags. A bei de Léierplazen ass dat net anescht: Hei gëtt et der och fir déi Jonk no der 9ième oder och fir déi Erwuessen. An genee dee Mix fënnt een haut och um Belval am RTL Jobcenter.

  • RTL Jobdag (8)

    02.06.2016, 14:10

    Wann der elo op ärem Navi Jobdag agitt, da misst deen Iech direkt an den Jobcenter zu Esch am Belval I an II féieren. Wann net da fann der déi flott Gebaier net weit ewech vun der Rockhal. Hei si méi wéi 50 Stänn a beim Léierplazendag sin et der bal grad sou vill. An dohi gi mer nees fuerwerzen.

  • RTL Jobdag (7)

    02.06.2016, 13:10

    First come, first served seet een ëmmer. Bei de freien Plazen ass dat net anescht, well wann e Patron eng Plaz bis verginn huet, dann ass se fort. Dofir zeckt net ze laang wann elo déi nächst Plazen am RTL Jobcenter annoncéiert ginn.

  • RTL Jobdag (6)

    02.06.2016, 12:10

    RTL organiséiert haut dee 16ten Jobdag. Ganz nei bei dëser Editioun ass de Léierplazendag fir déi Jonk déi elo geschwënn mat hirem Diplom aus der Schoul kommen an dann eng Plaz als Léierbouf der Léiermeedchen brauchen. Et ass eng Zort speeddating am berufflechen, a bis 18h00 den Owend huet ee nach Geleeënheet um Belval Plaza laanscht ze goen.

  • RTL Jobdag (5)

    02.06.2016, 11:20

    Iwwer 700 Aarbechtsplazen gëtt et de Moment schonn op rtl.lu. Aus dem Handwierk, dem  Commerce an dem Horescabereich. Op där enger Säit stinn souvill Plazen op, an op där anerer Säit sinn déi, déi frou wieren dat richteg ze fannen fir sech d'Liewen ze leeschten an an eng flott Equipe intégréiert ze ginn. A béid Säiten versiche mir beieneen ze bréngen.