Eng Léisung am Gudden:Médiateur de la consommation

Wousst der schonn…

… dass et zu Lëtzebuerg e neutralen Service gëtt fir Sträitfäll tëschent engem Konsument an engem Betrib am Gudden ze léisen, ouni op d’Geriicht ze goen?

… dass de Service vum Médiateur de la consommation fräiwëlleg, séier a ganz einfach ass, an dat en Iech och nach näischt kascht?

… dass de Médiateur de la consommation eng neutral Persoun ass an dat souwuel d'Betriber, ewéi och d'Privatpersounen kënnen op hien zréckgräifen?

…dass d’Mediatioun vertraulech ass an dass Dir Iech zu all Moment kënnt zeréckzéien ?

Kuckt och elo schonn op www.mediateurconsommation.lu