16.05.12 Mars Hamilius
Polizist:"Wéini sidd dir gebuer?"...de Panzvollist:"Genau weess ech et net...et muss awer an der 60ger Joere gewiescht si wéi meng Mamm nach gelieft huet!"
15.05.12 Sophie Proost
Den Dokter seet zum jonke Meedchen hatt soll sech ausdoen,dorops gëtt hat ganz rout:"Sidd dir nach ni ënnersicht ginn?".."Dach, awer net vun engem Dokter!"
14.05.12 Jeannot Conter
"Carine", seet de Mann éiert en op de Frühshoppen geet:"Wann ech bis de Mëtten net erëm sinn, brauchs de net mam Nuechtiessen op mech ze waarden !"
12.05.12 Patrick Kayser
De bekannte Politiker sot zu sengem Bouf:"Wéi ech an dengem Alter wor hunn ech ni gelunn !"...dorops dësen:"Ouh...a wéini hues de dann ugefangen ?"
Last Update : 07:00 16/05