Radio 1212 - schwaarz Propaganda vu Lëtzebuerg

16.11.2016 - 12:50

E Radio Sender als geheim Krichs Waff! Kléngt no film-räifem Material fir e spannenden Thriller. Dat mussen och dem Alfred Hitchcock seng Gedanke gewiescht sinn, wéi hie sech 1946 d'Rechter fir d'Verfilmung vun "Operation Annie" geséchert huet. Ënnert dësem Code Numm haten d'Amerikaner um Enn vum zweete Weltkrich e geheime Radio Sender an d'Liewe geruff. Dee just nuets gesent huet. An zwar vu Lëtzebuerg aus. Seng Missioun: déi Däitsch Truppen destabiliséieren. Raphaëlle Dickes
Operation Annie - Radio 1212

Den Alfred Hitchcock huet d'Story vum Radio 1212 iwwregens ni verfilmt.