Virtrag "Nei Brennstoffer fir eng nohalteg Zukunft"

11.01.2017 - 12:50

© Forschungszentrum Jülich
Ass Waasserstoff de Brennstoff vun der Zukunft? Eng Parti Schüler op 2ème a 1ère koumen de Moien an de Genoss vun engem Virtrag dozou vun engem Lëtzebuerger Fuerscher, dee Spezialist an de Materialwëssenschaften ass, besonnesch wann et drëms geet, Waasser mat der Hëllef vu Sonnestrahlen a Waasserstoff ëmzewandelen. Haut den Owend ëm 18 Auer gëtt et doriwwer eraus och en ëffentleche Virtrag mat Konferenz am Jongelycée um Lampertsbierg mam Félix Urbain, deen normalerweis an der Géigend vu Barcelona schafft.
11/01/2017 Nei Brennstoffer fir eng nohalteg Zukunft

Hei gëtt et Detailer zum Virtrag:
www.lgl.lu
aizide.lgl.lu/lgl.lu/pdf/confUrbain.pdf