Ouverture vum Mamerhaff

02.02.2017 - 12:50

Dëse Samschdeg ass Porte ouverte um Mamerhaff. D'ASBL, déi de selwechten Numm dréit, gouf schonn 2015 gegrënnt en vue vun dëser Plaz, déi e liewegen Austausch tëscht groussen a klenge Mënsche soll erméiglechen. Den Daniel Nepgen weess méi iwwer d'Philosophie hannendrun an déi konkret Ëmsetzung.
02/02/2017 Ouverture vum Mamerhaff


D'Porte Ouverte ass dëse Samschdeg vun 10 bis 18 Auer. Informatiounen an Ëffnungszäite fannt dir op:
www.mamerhaff.lu