Den Internationalen Dag vun der Heilpédagogie 13. Abrëll

12.04.2017 - 12:50

Muer um 13. Abrëll ass den 1. Internationalen Dag vun der Heilpédogogie. Den Dag ass net zoufälleg gewielt ginn, et ass den Doudesdag vum Schwäizer Heilpädagog Emil E. Kobi, deen 2011 gestuerwen ass an eng wichteg Aarbecht an dësem Beräich gemaach huet. Zu Lëtzebuerg schaffen eng 100 Leit an dësem Beruf, bei deem Mënschen mat enger Behënnerung oder Beanträchtegung begleet an encadréiert ginn. Si sinn an der Associatioun vun de Pédagogues Curatifs zesummegeschloss. Den Dag vu muer soll sensibiliséieren an d'Ethik an d'Berufsbild fir och deene Schwaachsten an der Gesellschaft eng Ënnerstëtzung ze ginn, an de Mëttelpunkt stellen. Dobäi muss een emol direkt de Begrëff Heilpädagogie erklären, Cathy Mangen.
12/04/2017 10bis1 "Dag vun der Heilpädagogie"