An elo ginn nees déck Téin gespaut. Hei gëtt palavert, gesabbelt a gebraddelt, gesaft a gespruddelt. An awer sinn et déi eenzeg, déi och dat néidegt Fangerspëtzegefill matbréngen fir och all Sujet gläichermoossen kënnen unzepaken. Opgepasst bei der Satire déi et Läffelchersweis gëtt vu Christiane Kremer, Lucien Czuga, Al Ginter, Jemp Schuster a Gérard Valerius.