Am GespréichJos Dell

Invité war de President vum OAI, dem Orde des architectes et ingénieurs-conseils.

D'Marie Gales am Gespréich mam Jos Dell (10.09.2018)
De President vum OAI huet iwwer d'Vereenegung vun den Architekten an Ingenieure geschwat an huet och en Abléck a säi Museksgoût ginn.
De Jos Dell huet eis d'Missiounen an d'Uleies vum OAI erkläert, deen 1990 gegrënnt gouf. Wéi geet et iwwerhaapt deem Beruff a ginn et nach genuch Architekten zu Lëtzebuerg? Eisen Invité huet eis och verroden wéi een als Architekt selwer wunnt an wat fir eng Viraussetzung ee sollt hunn fir de Beruff ze léieren.

10/09/2018 Am Gespréich Jos Dell



Déi nei Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.