Am GespréichAstrid Lulling

"D'Aarbechtermeedche vu Schëffleng ass eng lieweg Legend" - sou steet et um Cover vun der Autobiografie vun der fréier Politikerin geschriwwen.

Am Gespréich: Astrid Lulling (24.09.2018)
''D'Aarbechtermeedche vu Schëffleng ass eng lieweg Legend''; sou steet et um Cover vun der Autobiografie vun der fréier Politikerin geschriwwen.

Dës koum déi lescht Woch eraus an d'Astrid Lulling huet vill ze zielen, well quasi hiert ganzt Liewen hat si Politik gemaach, zum Beispill 1970 gouf si als éischte Fra zu Lëtzebuerg Buergermeeschtesch an hirer Heemechtsstad. 2014 hat si sech dunn aus der Politik zréck gezunn, ma erhieft haut nach ëmmer hir Stëmm wa si op eppes stéisst, wat hir net passt. Mir hunn duerch d'Autobiografie vun der Astrid Lulling geblieddert, déi si mat spatzer Fieder geschriwwen hätt.

Dës koum déi lescht Woch eraus an d'Astrid Lulling huet vill ze zielen, well quasi hiert ganzt Liewen hat si Politik gemaach, zum Beispill 1970 gouf si als éischte Fra zu Lëtzebuerg Buergermeeschtesch an hirer Heemechtsstad. 2014 hat si sech dunn aus der Politik zréck gezunn, ma erhieft haut nach ëmmer hir Stëmm wa si op eppes stéisst, wat hir net passt. Mir hunn duerch d'Autobiografie vun der Astrid Lulling gebliedert, déi si mat spatzer Fieder geschriwwen hätt.

Am Gespréich: Astrid Lulling



Déi nei Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.