Am GespréichDanielle Roster

D'Musekwëssenschaftlerin ass eng vun den Autorinne vum Buch "Mit den Haien streiten".

Am Gespréich mam Danielle Roster (23.10.2018)
D'Musekwëssenschaftlerin ass eng vun den Autorinne vum Buch "Mit den Haien streiten".
Nächst Joer ginn et 100 Joer, datt d'Fraen zu Lëtzebuerg d'Walrecht kruten, e gudde Moment fir sech op verschiddene Pläng mat der Situatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg zënter dem 2. Weltkrich ze befaassen. De CID Fraen a Gender huet elo - quasi als Fortsetzung vum Band "Wenn nun auch wir Frauen das Wort ergreifen" aus dem Joer 1997 - d'Buch "Mit den Haien streiten" erausginn, dat sech mam Titel op en Zitat vun der fréierer Politikerin Colette Flesch bezitt a sech op bal 400 Säiten mat de Beräicher Geschicht, Schoul, Politik, Medien, Konscht, Identitéit a Feminismus beschäftegt.

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.