Am GespréichChris Leesch

An eiser Emissioun "Am Gespréich" iwwer Sport um Freideg tëscht 12 an 13 Auer hate mer dës Woch de Chris Leesch.

Am Gespréich: Chris Leesch (02.11.2018)
An eiser Emissioun "Am Gespréich" iwwer Sport um Freideg tëscht 12 an 13 Auer hu mer dës Woch de Chris Leesch.

Den 23 Joer ale Motorradsportler ass am Super-Bike richteg séier ënnerwee. Dës Saison war de studéierten Ekonomist mat sengen Ekippieren ënnert anerem den 2. beim legendären Bol d'Or a senger Kategorie ginn. Virun allem wéinst technesche Grënn ass d'Joer awer dacks net esou gelaf wéi erhofft. Am spuenesche Championnat huet d'Ecurie misse gewiesselt ginn a bei der Endurance-Weltmeeschterschaft huet de Moto a gudder Positioun net gehalen. D'nächst Saison wëll de séierste Motorradsportler am Land awer nees voll ugräifen.

De Chris Leesch am Gespréich



Am Gespréich: Chris Leesch - Resumé vum Franky Hippert

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.