Am GespréichMaurice Herkrath

En Interview mat engem jonke Mann, deen op engem Schëff no Léisunge fir d'Kreeslafwirtschaft sicht.

Am Gespréich: Maurice Herkrath (29.10.2018)
En Interview mat engem jonke Mann, deen op engem Schëff no Léisunge fir d'Kreeslafwirtschaft sicht.
De Maurice huet 28 Joer, zanter Mee diploméiert am nohaltegen Urbanismus, an dierf geschwënn eng Aventure erliewen: Op engem Seegelschëff an enger hollännescher Organisatioun geet et den nächste Mount iwwer den Atlanteschen Ozean.

"Quest for Change" heescht d'Aktioun bei där Jonker solle Léisungen fir Problemer vun der Kreeslafwirtschaft an an der Ëmwelt fannen. Brainstorming um Mier souzesoen. Wéi vill Leit matginn, wéi d'Rees am Detail ausgesäit a wat et mat "Clean2Arctica" op sech huet, hu mer eisen Invité gefrot.

29/10/2018 Am Gespréich - Maurice Herkrath



Hei kritt Dir weider Informatiounen:

De Site 'clan2antarctica'

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.