Am GespréichDavid Ianni

Mat sengem multikulturelle Musekprojet "My Urban Piano" huet den David Ianni a verschiddenen europäesche Kulturhaaptstied gespillt.

Am Gespréich: David Ianni (08.11.2018)
Mat sengem multikulturelle Musekprojet "My Urban Piano" huet den David Ianni a verschiddenen europäesche Kulturhaaptstied gespillt.

Fir all Stad huet hien e Wierk geschriwwen, dat dann op engem Piano gespillt gouf, deen extra fir dësen Zweck an där respektiver Stad vun engem Kënschtler artistesch beaarbecht gouf. De Piano ass uschléissend op enger ëffentlecher Plaz an dëser Stad stoe bliwwen. Vun all Episod gouf och e passende Video realiséiert.

Mam Museker hu mer natierlech iwwert "My Urban Piano" awer och iwwert säi Projet mam SOS Kannerduerf geschwat. Privates koum selbstverständlech och zur Sprooch.

Am Gespréich: David Ianni



D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.