Am GespréichDenis Klein

Haut geet et an de déiwe Süde vu Lëtzebuerg, mir huelen eis Nolauschterer mat op Rëmeleng an de Musée des mines.

Am Gespréich: Denis Klein (04.12.2018)
De Geschichtsprofesser schafft als Benevole zu Rëmeleng am Musée des mines an erzielt eis firwat een dëse Musée mat senger Galerie onbedéngt soll kucke kommen
Well haut ass Bärbelendag; nom Hellegen Eloi den 1. Dezember, de Schutzpartéiener vun den Schmelzaarbechter, ass et haut um Hellege Barbara an dat ass d'Schutzpatréinerin vun de Mineuren, all deenen, déi an der Galerie geschafft hunn. Dat war en haarden Job... Ma den Denis Klein, deen am Musée des mines als bénévole schafft, kann eis vill méi driwwer zielen. Natierlech och iwwert de Musée selwer an wat fir Neiegkeeten do an d'Haus stinn...

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.