Am GespréichAnne Schroeder

"Histoire(s) de femme(s)" heescht den neien Documentaire vun der Realisatrice Anne Schroeder, déi en Donneschdeg de Mëtteg bei eis am Studio war.

D'Anne Schroeder am Gespréich (06.12.2018)
"Histoire(s) de femme(s)" heescht den neien Documentaire vun der Realisatrice Anne Schroeder, déi en Donneschdeg de Mëtteg bei eis am Studio war.
De Film, deen den Ament am Kino leeft, léisst  Fraen iwwert hiert Liewen an hiren Alldag viru méi wéi 50 Joer erzielen, awer och iwwer den Asaz an de Kampf fir d'Rechter vun der Fra aus de leschte Joerzéngten. Fir d'Anne Schroeder ass et e ganz perséinleche Film ginn, dee se mat villen Amateurbiller illustréiert, déi am CNA archivéiert sinn. Dokumentaresch mat esou Material Themen opschaffen, ass fir si eng Passioun, wéi Filmer maache souwisou. Eng Passioun, déi se an hirer anerer Vocatioun, dem BTS, och u Jonker wëll weiderginn. Iwwer hir Aarbecht an hir Vue op d'Situatioun vun de Fraen haut geet Rieds am Gespréich mam Anne Schroeder.

D'Anne Schroeder am Gespréich



D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.