Am GespréichNiharica Raizada

D'Bollywood-Actrice huet hir Wuerzelen an hir Famill zu Lëtzebuerg.

VIDEO: D'Niharica Raizada am Gespréich (11.12.2018)
En Interview mat enger Bollywood-Actrice mat Lëtzebuergesche Wuerzelen.
An hirem jonken Alter huet se scho vill vun der Welt gesinn an et ass hir näischt an de Schouss gefall komm. Hir Etüden huet se an der Medezin gemaach a war an deem Beräich och fir Recherchen zoustänneg, ënnert anerem an der Kardiologie. Dobäi koume Coursen op der Film-Akademie zu New York.

An der Bollywood-Branche an Indien huet se awer ganz eleng Fouss gefaasst a sech misste vun ganz ënnen eropschaffen. Viru Kuerzem sinn d'Dréiaarbechte vun engem Film op en Enn gaangen an deem se hir éischt richteg grouss Roll spillt. Niewebäi schafft se awer och zu Mumbai an engem Spidol. Mir hunn d'Ex-Miss-India vu London gefrot, wéi se dat alles ënnert en Hutt kritt, wéi et elo viru geet mat hirer Karriär a wat hir ganz grouss Dreem sinn.

Am Gespréich mam Niharica Raizada



REPLAY: D'Niharica Raizada war och Invité am Live! op RTL Télé Lëtzebuerg.

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.