Apropos vum Roland KaltéAlles Bluff?

Alles Bluff? Déi Fro stellt ee sech den Ament bal all Dag, wann een kuckt, lauschtert, liest, wat esou an der Welt gesot a gemaach gëtt. Och op den héije Positiounen. Mä d'Fro kann och eng ganz perséinlech sinn. Den Apropos vum Roland Kalté.

Ass meng Welt och deng Welt an deeër enger grousser Welt? Heiandsdo huet een den Androck, dass ee sech an enger Welt verlaf huet, déi guer nit déi richteg Welt ass.
 
A wann et nëmmen eng eenzeg richteg Welt ka ginn, lieft een da scho vläicht selwer zënter laangem, ouni et ze mierken, an enger grandioser Fälschung. Engem risege Bluff.
Heiansdo soe mer jo: Ech mengen, ech sinn am falsche Film.
Am beschten, mer spillen dat Ganzt erof, dass d’Welt e gigantescht Theaterspill ass, eng opwänneg Inszenéierung. ’t gëtt manipuléiert, getrickst, gefälscht, wuer een hikuckt:
Friséiert Bilanzen vun der Finanzéconomie.
Oder Dekolleteeën mat Bullen dran, wou s de eigentlech NIT vum Hocker gings falen, wa se nit opgemotzt wieren ,
Gesiichter mat Make-up a Botoxbaken, asw..
 
Mä, mer akzeptéieren d’Welt, wéi se eis duergebuede gëtt. Esou einfach ass dat.  Obwuel mer all, ob mer wëllen oder nit, gréisstendeels och an esou enger kënschtlecher Realitéit liewen, mat deeër mer eis arrangéiert hunn. Déi mer mat der Zäit fir déi eenzeg richteg halen, an déi mer aus Angscht oder aus Gewunnecht virum Onbekannten nit wëllen opginn. Mer wëllen, oder mer kënnen nit aus hir eraus, kréien de ganze Bluff nit entlarvt. Mer erkennen emol déi gefälscht Welt aus Pappmachee a Plastik nit méi, déi huel kléngt, wann ee no der Substanz klappt.
 
An et ginn och nach Kulissen, déi mer selwer bauen. An zu gudder lescht wësse mer nit méi, wourëms et geet. Mer verwiesselen déi  mächteg Kounschtwelten, déi Wëssenschaft, Medien, Internet opgebaut hunn, leider vill ze dacks mat eiser richteger Welt.

Apropos "Alles Bluff?"




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.