Apropos vum Bea KneipDen Dag vun der Léift

Am Apropos vun haut mécht d’Bea Kneip sech sou seng Gedanken iwwert den Dag vun der Léift.

14/02/2017 Apropos: Den Dag vun der Léift
.



Blumme, Knippercher, Dîner bei Käerzeluucht, Vältesdag ass Romantik pur. Op d’mannst emol fir déi Leit déi grad frësch oder ëmmer nach verléift sinn. Et ass awer net jiddereen an dem Fall, gescheete Leit, Singelen, Wittmänner oder Wittfraen si villäicht guer net esou glécklech mat dem Dag. A verschiddene Länner gëtt op Vältesdag net nëmmen déi romantesch Léift gefeiert, et ass och den Dag vun der Frëndschaft a vun der Léift allgemeng. Léift an dem erweiderte Sënn empfënnt ee jo net nëmme fir säi Partner, mä eben och fir seng Frënn, Kanner, Elteren, an aner Familljememberen. Fir vill Leit gëtt et dann nach eng aner Léift: déi zu engem Hausdéier, engem Hond oder enger Kaz.
Wat mech perséinlech ëmmer nees erstaunt, dat sinn déi Extremer déi am Ëmgang mat Déieren däitlech ginn. Fir déi eng ass hire Mupp tatsächlech hire beschte Kolleg, fir den se alles géife maachen.  Wann an der RTL Déiererubrik den Telefon schellt, dann ass déi Persoun déi e vermësstent Déier mellt dacks den Tréinen no. An da ginn et déi aner, fir déi de Véierbeener just eng Saach ass, an déi och keng Skrupel hunn fir en auszesetzen. Och déi landen alt emol  an der Déiererubrik, obwuel wéineg Hoffnung besteet, dass hire Meeschter sech nach mellt. Domat net genuch, mir kennen alleguer déi grujeleg Geschichte vun Déieren déi vernoléissegt a gequält ginn, woubäi d’Fantasie vun de Mënschen, wat Foltermethoden ugeet, leider kaum Grenze kennt.
Mënsch an Hond liewen zënter ronn 15000 Joer mateneen. An der Zäit waren d’Hënn wuel besser Frënn fir eis wéi ëmgedréint. An et ass wahrscheinlech dat wat eis un hinne sou faszinéiert: Déi Frëndschaft a Loyalitéit déi se einfach esou ginn, och wann hir zweebeeneg Matbewunner se net ëmmer verdéngt hunn; dass si eis net beléien oder hannerginn, mä am Prinzip nawell previsibel sinn, wa mer eis just d’Méi maachen fir se verstoen ze wëllen. Wéi mer eis Hënn behandelen seet méi iwwert eis aus wéi iwwert si; villäicht seet et jo och eppes doriwwer aus wéi mir zu anere Mënsche stinn. An dat ass bestëmmt en Thema iwwert dat et sech lount nozedenken, haut um Dag vun der Léift.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.