Apropos vum Daniel NepgenMam Häerz gesinn

Wann ee sech eng besser Welt wënscht, ass dat da rengt Wonschdenken oder gëtt et scho Plazen a Situatiounen, déi genee dat erëmspigelen, wat mir eis ganz déif bannendra wënschen? Den Daniel Nepgen hat de leschte Weekend eng Situatioun, an där him eng interessant Analogie duerch de Kapp gegeeschtert ass.

Apropos: Mam Häerz gesinn


Et war däischter. Nëmmen e puer grell Luuchte hu mat Momenter Blëtzer duerch de kompakte Sall geschoss, an dee sech e puer honnert Leit gedréckt haten. Jiddereen hat d'selwecht vill an der Keess bezuelt, fir eran ze kommen, a jiddereen hat dat selwecht Recht, fir do ze sinn. Wien nieft engem stoung, huet ee just usazweis erkannt. Mä et war net wichteg. Hautfaarf, Nationalitéit, Beruff oder Status hu keen interesséiert. Et war, wéi wann een all déi Attributer an der Vestiaire ofginn hätt. Et huet ee mam Häerz gesinn, net mat den Aen. A wann awer emol, dann hat souwisou jidderee ronderëm e Laache vu Begeeschterung um Gesiicht. Et war d'Musek, déi frou gemaach huet. Si huet sech an all Eck breet gemaach, huet d'Loft mat positiver Energie opgelueden. De Kollektiv huet sech rhythmesch dozou beweegt. Alles a jidderee war "en phase", also am richtege Sënn vum Wuert op enger Wellelängt. D'Sécherheetscrew hat just eng Suerg: de Stroum vu Mënschen, déi entweder eraus wollte fëmme goen oder nees erakommen, ze geréieren. Eng Kläpperei war ondenkbar.

Et maach den Adrenalin gewiescht sinn. Et huet ee schliisslech net all Dag d'Chance, an enger Groussstad op den Tour ze goen. Oder d'Middegkeet vum Trajet, vum Schlofmangel an der Nuecht virdrun. Mä ech stoung op eemol wéi ugewuerzelt do an hunn de Moment mat all sengen Andréck wéi en Tableau bewonnert. Ass et net genee esou, wéi mir eis d'Welt idealerweis virstellen? Alleguer gläichberechtegt op Aenhéicht, blann fir d'Ënnerscheeder, mä dofir ëm sou méi motivéiert fir dat gemeinsamt Zil? Wann ee fält, rafen déi aner hien erëm op. Wann ee kräischt, maachen déi aner hien erëm frou. An der Disco gëtt et keen "ech", egal wéi extravagant een och danzt a sech versicht aus der Mass ervirzehiewen. Et gëtt just en "mir".

Wien d'Glas ëmmer nëmmen hallef eidel gesäit, maach direkt gesinn, wou d'Problemer vun dëser Utopie leien, wann een de Verglach mam reelle Liewen zitt. Léisst den Türsteher och wierklech jiddereen eran an déi véier Wänn, do wou de Wuelstand ass? Gefält eis d'Musek dann och wierklech all, oder wëll jidderee léiwer egoistesch säi perséinleche Knapp am Ouer hunn, säin eegene Wee goen? Dauert d'Party éiweg, resp. wat geschitt wann d'Luuchten uginn a mir eis dann awer all ongeschminkt vun uewe bis ënne musteren?

Fir mech war d'Glas deen Owend net nëmmen hallef voll, mä ganz gefëllt. Mat wootlechem englesche Béier ... eng Zoumuddung. An awer: fir mech ass zanter hier kloer, dass et den Ideal, dee mir eis wënschen, scho gëtt. Mir mussen e just aus der Disco eraus an d'Welt schleefen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.