Apropos vum Christiane KremerThe Tru(e)man Show

1998 koum e Film an de Kino, dee sech mat deem ausenanergesat huet, wat ee Reality-TV nennt a wat deemools ëmmer méi an de Medien opkomm ass. E Film, deen dem Christiane Kremer, bal 20 Joer duerno, net aus dem Kapp geet.

E Mann lieft an enger fiktiver Welt. Fir hien ass se Realitéit. Fir säin Entourage ass et eng Emissioun. Seng Bezuchspersoune si Schauspiller. Seng Welt ass eng Kuppel, säin Himmel e Plafong. Am Mound sëtzt de Regisseur an dirigéiert d'Kameraen an d'Stären iwwert him si Scheinwerfer. All Dag wënscht de Mann „Gudde Moien a wann ech iech net méi sollt gesinn: gudde Mëtteg, gudden Owend a gutt Nuecht“. A Millioune kucken dat iwwer hir Televisiounen no.

Bis deen Dag, wou op eemol e Scheinwerfer vum Himmel getrollt kënnt an ee Stär owes manner blénkt. Vun deem Moment un stellt den Truman Burbank, gespillt vum Jim Carrey, sech Froen a geet op d'Sich no der Wourecht. Dat ass, kuerz resuméiert, d'Story vun der „Truman-Show“. Eng Satir op déi Formater, déi als Reality-TV deemools ugefaangen hunn d'Leit vrun d'Tëlee ze zéien. Zënterhier ginn et all méiglech Genren, déi an dat Format passen. Ech wollt hei keng Opzielung maachen, um Enn sinn si och net de Grond, datt ech mech mam Film „Truman Show“ vun 1998 beschäftegen.

Et ass éischter, datt ech dacks d'Impressioun hunn, ech, oder besser mir, wieren och an esou enger Truman-Show gelant a géingen iergendwann erausfannen, datt alles dat, wat mer den Ament fir boer Mënz huelen, oder besser mussen huelen, net stëmmt, mä pur Fiktioun ass. Datt just eis nach keen dat gesot huet.

Vläicht musse mer eis awer, wéi den Truman, och selwer op d'Sich no der Wourecht maachen. Am Film begéint hie jo bal nëmme Ligen a Schäinwelten, déi en nëmme lues a lues opdeckt. Um Enn vum Film gléckt dem trageschen Held d'Flucht an déi real Welt.

An déi real Welt bréicht haut och mol nees eng Flucht, fort vu Fake News an Alternative Facts. Vläicht huet de Mann am Mound jo nach e Scheinwerfer ze vill. A passt op, wou deen eroffält.

Apropos "The Tru(e)man Show"



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.