Apropos vum Gibbes Bertoloop de leschte Stëppel

"Was du heute kannst besorgen, das ...", Dir wësst jo, wéi dat däitscht Spréchwuert weider geet. Mir huelen et awer leider net dacks genuch wuertwiertlech

Nennt et wéinst menger klengkaréiert oder Ierbessenzielert: ech sinn ëmmer frou wann alles gemaach ass. Wann ech net andauernd muss iwwerleeën: War do net nach eppes, un dat ech hätt missten denken?

Dee berühmte "leschte Stëppel". Ech hunn en net gär. En ass awer leider nun mol omnipräsent an dacks och kaum z'evitéieren. An awer probéieren ech ëm sou dacks wéi et nëmme geet aus de Féiss ze goen. Kuck, datt s de mat Zäiten u bass, da kënns de och net an de Stress. Oder sot der mer elo ieren, datt et eng Freed ass, op Hellegowend nomëttes nach no Kaddoe kucken ze goen? Nach séier an d'Dusch, e puer Minutten ier de Besuch kënnt? An den Theater- oder Concertssall eran ze kommen, wa schonn alles do sëtzt? Moies am Bus nach séier d'Mathésaufgab an d'Heft krozelen?

U sech huet ee jo fir alles am Liewe genuch Zäit, och wann dacks ze héieren ass, datt een elo grad keng huet. Et kënnt ebe just drop un wéi ee sech déi Zäit andeelt. Gewunnechtssaach.

"Last minute" huet awer anscheinend och sou seng Virdeeler. Eng "last minute" Vakanz - ech hunn et zwar nach ni ausprobéiert, mä ech muss zouginn: dat huet eppes, vrun allem wann et sech finanziell lount.

An et gëtt e weidert Argument fir de leschte Stëppel. A Stresssituatiounen ass ee gemenkerhand extrem konzentréiert. Dee Moment ass ee voll motivéiert fir sech op dat wesentlecht ze fokusséieren an e Maximum u Kreativitéit ofzeruffen. Et weess een, datt et elo ëm d'Wurscht geet, datt een net nach zwou oder dräi weider Geleeënheete kritt. D'Glécksgefill, et dach nach kuerz viru Schluss gepackt ze hunn.

Frot mol d'Frënn vum FC Bayern ...

23/02/2017 Apropos: op de leschte Stëppel



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.