Apropos vum Michelle ReiterWien traut sech eppes?

Maache mer net vill Saachen einfach well mer gewinnt sinn, dass et sou ass?

© rtl.lu
Oder maache mer Saachen net, well mer et net gewinnt sinn? D'Michelle Reiter freet Haut am Apropos : Wien traut sech eppes?
Apropos vum Michelle Reiter: Wien traut sech eppes?


Sidd Dir den Typ Mënsch dee sech eppes traut oder gehéiert Der éischter zu där Zort déi t'éischt emol d'Reaktioun vun deenen aneren ofwaart a soulaang passt Der Iech un?
Dat zweet ass méi einfach, awer d'Mënschheet wier net wierklech viru komm, wann ëmmer Jiddereen sech géing Gedanke maachen iwwer dat wat déi aner denken, iert en sech selwer traut eppes ze maachen.
Wou kommen ech dorop? Et war eng Geschicht déi mer an de Grapp gefall ass. Déi vum Marina Dschaber, och nach bekannt als d'Meedche mam Vëlo.
D'Marina wunnt zu Bagdad a fiert och mat sengem Vëlo. Dat ass alles anescht wéi normal. Fréier schonn. Haut net méi.
Sou ass d'Marina och am Ufank richteg domm gekuckt ginn wann hat mat sengem roude Vëlo duerch déi irakesch Haaptstad gefuer ass. Fir seng Mamm a fir seng Bomi war dat déi normaalst Saach vun der Welt fir mam Vëlo ze fueren. Awer iergendwéi ass déi Gewunnecht verluer gaang. War souguer verpöhnt fir eng Fra.
Dat wat an enger Vakanz zu London sou easy a flott war sollt Doheem net méiglech sinn.
Sou ass d'Marina richteg domm gekuckt ginn, déi éischte Kéier, op sengem Vëlo zu Bagdad.
Et ass e Mann nieft him gefuer. Huet där Saach t'éischt ganz skeptesch nogekuckt. Mee duerno huet hien opgehal ze glotzen an hien huet sech erëm ëm säin eegene Krom gekëmmert. Dovun huet d'Marina eng Foto gemaach an déi an den Internet gesat. Sou huet déi 25 Joer al Kënschtlerin vill Fraen inspiréiert fir och op de Vëlo ze klammen.
An der Tëschenzäit huet d'Bild vun der Fra um Drotiesel sech erëm agebiergert.
D'Marina ass esou e Virbild gi fir vill Meedercher a Fraen am ganze Land, déi selwer iwwer hiert Liewe wëlle bestëmmen. Déi sech weder duerch reliéis nach duerch gesellschaftlech Virschrëfte wëllen anenge loossen.
D'Konklusioun déi d'Meedchen um Velo aus där ganzer Geschicht gezunn huet, huet mer gutt gefall an déi ass mer och nach ëmmer net aus dem Kapp gaang.
'Verbitt d'Gesellschaft eis verschidde Saachen, oder akzeptéiert se se net méi, well mir opgehalen hu se ze maachen?
Et muss een net all Dag Revoluzzer sinn. Awer hu mer eis net ze vill ugewinnt ëmmer mam Stroum ze schwammen.
D'Marina huet gewisen, et sollt een och roueg mol géint de Stroum... Vëlo fueren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.