Apropos vum Marie GalesGewalt u Kanner

E Sujet, dee leider och ni aus der Moud kënnt, ass Gewalt u Kanner. Dëst ass dem Marie Gales haut en Apropos wäert.

© rtl.lu
Apropos vum Marie Gales


Ech wollt Ufanks iwwert de Trump schwätzen, ma denken do ass alles gesot an Happ a Malz verluer, dofir ech rësele mäi Kapp einfach weider an et sief.
Dofir hunn ech awer en anere Sujet, dee mech ferm beschäftegt: Kannerschloen. Dat heescht elo net wa Kanner sech am Schoulhaff zerklappen, wat ech natierlech och net gutt fannen. Mä mir brécht et d'Häerz wann ech gesinn, dass Kanner vun hiren Elteren, also kleng Mënsche vu grousse Mënschen, geschloe ginn. Ech weess net ob Dir dem Coryse Ludowicy säi Reportage vum 20. Februar héieren hutt? Do schwätzt d'Olga Cardoso vun der Eltereschoul a si seet wat eng kleng op de Hënner alles ausléise kann. Si erkläert dass dës Kanner, herno grouss Leit e Liewen drënner leiden well se geschloe goufen, well et bleift meeschtens net bei ''eng hannen op ginn'', ma aart aus an engem eng ferm erofmoossen.
Ech kann net verstoen, dass haut 2017 Kanner nach ëmmer der geprafft kréien. Och wann Temoignagen an Etude weisen, dass dëst alles kontraproduktiv ass.
Mengt net, dat wier net méi sou. Och wann et net méi ass wéi fréiers, wou et quasi normal war, wann ee seng Kanner ''gezüchtigt'' huet, sou ginn et der haut och nach. Natierlech gëtt kee Mënsch dat an enger Ëmfro zou, also ass et och schwiereg do Statistiken opzestellen. Déi kommen duerno, wann Erwuessener zielen dass si Streech als Kand kruten.
Ech hunn och schonns mol Leit gestéiert, wa se duechten am Supermarché oder op der Strooss hiert Kand sou missten ze ''zillen''. Natierlech ass et net flott wann sech d'Kand d'Schwäi stellt a sech op de Buedem leet an net wëll weidergoen. Bierelen, och eng Form vu Gewalt, hëlleft sou vill wéi wann ech mam Bam blären. Nämlech guer näischt. An wann dann nach Schloe derbäi kënnt, eskaléiert déi Situatioun nach vill méi.  Do muss ee kee grousse Psycholog sinn fir dat eraus ze fannen.
Eng vun den ellenen Zeenen a mengem Kapp war e Këndche vun 1 Joer, dat am Caddie souz, an net wollt richteg sëtze bleiwen. Net mat der flaacher Hand, mä mam Réck vun der Hand huet seng Mamm, huelen ech mol un, d'Kand widdert de Mond gehaen an nach déck gebläert.
Wann ee keng Gedold huet a et wëll ee seng Rou hunn, jo dann einfach keng Kanner kréien, et ass jo keng Mussesaach.
An ech si mir sécher wa mir dës Form vu Gewalt schonns wech hätten, da wär eis Welt eng ganz aner!
Lauschtert hei nach emol de Reportage vum Coryse Ludowicy: ''Eng op den Hënner ka jo net schueden... oder?''

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.