Apropos vum Roland KaltéMusse mer dat hunn?

Iwwer kënneg Leit, déi ee net muss kennen.

Duerch d’Medien, egal wat fir, geeschtere permanent esou, esou Phänomener, déi soss näischt wéi schéin (oder och emol nit) a räich sinn, dacks ouni selwer e Streech geschafft ze hunn, oder domm wéi e Lach, déi hiren aremséilegen Ego opblosen wéi Pohunnen, fir dass permanent an iwwerall déi maximal Opmierksamkeet op se geriicht ass. Am Mëttelpunkt stoen, mat Hëllef vun allen Topegkeeten, déi hinnen afalen. Bei inszenéierten Optrëtter, mat onméigleche Provokatiounen sti se do, ... mat eidelem Bléck, eidele Gedanken, eidelem Ausdrock, huelem Kapp.
Nach kee sënnvolle Saz vu sech ginn, awer ëmmer an iwwerall do, wou eng Kaz geschleeft gëtt. Leit, déi d’Welt eigentlech nit brauch. Kee weess, wéi se als Mënsch eigentlech wirklech existéieren, ob se un eppes anescht gleewen, wéi u sech selwer, ob se den Ënnerscheed vu Gutt a Béis kennen, ob se Gefiller hunn an hirer phantastescher Schäiwelt.
 
Traureg, dass ëmmer manner Widderstandskämpfer, Fräiheetshelden, Mënschen, déi Guddes maachen, an deeër ginn et nach, allgemeng bewonnert ginn, mee esou skurrill Gestalten – ech wëll se lo hei nit opzielen, 't sinn der ze vill an Der kennt s’all, déi den Onsënn, d’Absurditéit, d’Dommheet zum Prinzip man.
 
Léif Medien, muss Der eis ëmmer erëm déi Dëlpessen do weisen a beschreiwen? ’t ginn dach och anerer!
 
Oder – wëlle mer déi éiere gesinn?
 
Neen, në?

09/03/2017 Apropos Musse mer dat hunn? - Kalte




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.