Apropos vum Sandra Mélan: D'Fréijoer

Meteorologesch ass en do, um Kalenner awer nach net: d‘Fréijoer! D‘Sandra Mélan mat Gedanken iwwer des Joreszäit.

Déi meescht kennen dat Gefill bestëmmt och. Lo nom Wanter ass een ongedëlleg op méi laang Deeg, eben op méi Sonn, bësse méi héich Temperaturen a méi Luucht. Am léifste géing een des Joreszäit wéi e Computerprogramm lueden an einfach nëmme genéissen. Awer dëse Programm follegt eis net esou wéi mir dat wëllen.

Villes kënne mir beaflosse respektiv mir kënnen auswiele wat mir iesse wëllen, wat mir undoen, wou mir an d‘Vakanz fueren. Awer d‘Wierder leider net. Dat kënnt engem heiansdo ebe vir wéi e Computerprogramm, deen net starte wëll; wou een dann eng oder méi Feelermeldunge kritt. Och wann déi lescht Deeg, d'Wierder ganz schéi war, steet och nach den Abrëll virun der Dir. An dee weess jo net ëmmer sou richteg wat e wëll.

An awer freet een sech iwwer all schéinen Dag no der méi däischterer Joreszäit. Esou geet et mir mol. Déi lescht Deeg huet een direkt gemierkt, datt d‘Leit besser gelaunt waren. Och eventuell Unzeeche vun éischte Fréijoersgefiller.

Dëse positiven Afloss vum Fréijoer kann een och dobausse feststellen. Déi éischt Blummen dekoréieren d‘Natur, déi éischt Knospe wuessen op de Beem, Villercher fänke moies méi fréi u mat sangen. D‘Fréijoer steet jo och fir d‘Liewen dat erwächt. Dat zitt och erëm méi Leit an déi frësch Loft. D‘Kanner spillen och erëm méi oft dobaussen. An dat deet jidderengem gutt.

Et ass vläicht och eng Geleeënheet sech erëm méi iwwer Klengegkeeten am Alldag ze freeën.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.