Apropos vum Gibbes BertoloWa mir Football spillen ...

Dee Gibbes Bertolo huet sech leschte Sonndeg a seng Kandheet zeréck versat gefillt. En "Apropos" mat leider kengem Happy End

Ech war mol nees eng Kéier Football kucken. Sonndeg Mëtteg, agreabelt Fréijoerswieder, um Pabeier eng brisant Partie - ideal Konditiounen also. An der Paus war zwar schonn alles méi oder manner kloer, egal. A wéi dunn no deenen éischte 45 Minutte vu lénks a vu riets kleng a ganz kleng Nowueskicker op de Wues gejauft komm sinn, ass mer d'Häerz opgaangen.

Ech hu mech op eemol nees selwer gesinn, als Bouf, do uewen um Nosbaum. Den Héichpunkt vun der Woch, wann et mat den Elteren op de Match goung. Soubal den Arbitter an d'Paus gepaff hat goung et mat engem elegante Saz iwwer d'Cloture, riicht lass op dee grousse Goal an der Hoffnung, datt ech op d'mannst 1 mol d'Geleeënheet géing kréien de Ball am Netz ze versenken. Well d'Konkurrenz war ëmmer grouss an et gouf just 1 Ball. Ech héiere mäi Papp nach hannendru ruffen: "Schweess net ze vill" a meng Mamm: "Looss dech net falen, du hues eng gutt Box un". Et ware, wéi gesot, gefillt déi schéinst 10 Minutte vun der Woch. Um groussen Terrain, wou soss ëmmer nëmme meng Idoler hunn dierften op an of lafen.

Jo, vill Joren dono si mer déi Biller nees an de Kapp komm. An och elo waren et eng gutt Dosen, wann net nach méi där jonker Däbbessen, Jongen a Meedercher, déi an alle Faarwen an an alle Sprooche just eent am Sënn haten: een ofgenotzen, ale bronge Liedersball hannert déi wäiss Linn ze bréngen. Bis op eemol e Mann a giel d'Roll vum Arbitter iwwerholl an där ganzer Band kloer gemaach huet, datt se direkt vum Wues sollte verschwannen. Wat dunn och geschitt ass. Den Terrain war nees eidel, just e puer Ersatzspiller hu sech am Mëttelkrees waarm gemaach an d'Kannergejäiz huet nees de Reklammen aus den Hautparleure Plaz gemaach.

Ech hunn du kuerz nogeduecht. Maachen se ieren de Wues futti? Ouni Däpp op de Suelen? Ze vill Kaméidi? Ass et iere geféierlech? Also eng Ursaach gëtt et jo bestëmmt. Et gëtt jo ëmmer e Grond fir alles. A bestëmmt och e valabelt Argument.

Ech maachen deem gudde Mann, deen d'Kanner vun der helleger Wiss verdriwwen huet kee Virworf. En hat doudsécher seng Consignen. Mä egal, wien dës Instruktiounen erausginn huet, de Veräin, d'Federatioun, de Weltverband: Iwwerdenkt et nach eemol.

Fir mech war et jiddefalls deemools d'Sprangbriet fir am Club aktiv ze ginn. Och wann d'Carrière net laang gedauert huet. Mä et wier schued wann op dës Manéier e puer Talenter net entdeckt, resp. vergrault géinge ginn ...

16/03/2017 Apropos: wa mir Football spillen ...
Apropos


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.