Apropos vum Bea KneipKuerz gesot...

Am Apropos vun haut faasst d’Bea Kneip sech kuerz...

21/03/2017 Apropos: Kuerz gesot...
.



Mir benotzen se all Dag ouni eis grouss Gedanken doriwwer ze maachen, meeschtens mierke mir et emol guer net méi. Ofkierzunge sinn en Deel vun eisem alldeegleche  Sproochgebrauch. Dat mécht jo och Sënn. Wësst Dir wat gemengt ass, wann ee vum United Nations International Children’s Emergency Fund schwätzt? UNICEF, ass dach vill méi einfach! Woubäi dat, streng geholl, keng richteg Ofkierzung ass, mä en Akronym, also e Wuert, dat sech aus den Ufangsbuchstawen vun engem Saz oder engem Begrëff zesummesetzt. Wéi zum Beispill NATO, NASDAQ, ASBL, OSZE, CFL, SNCF, BBC, ARD oder RTL. Oder nach den ominéise Programme for International Student Assessment, och nach PISA genannt. Iwwregens, den OSCAR , am Sënn vun “Academy Award” , ass keen Akronym, och wann net mat Sécherheet gewosst ass, wou dee Spëtznumm hirkënnt. Wat net heescht dass et sou een Akronym net géif ginn: an der informatik fënnt een de Begrëff: Open Standard Codes and Routine, an der Medezin gëtt et Open Source Clinical Application and Resource. Der OSCAR’en ginn et der nach vill, op alle Fall méi wéi di 24 déi all Joers zu Hollywood verdeelt ginn. Wat natierlech heescht, dass e Laien den op esou eng Ofkierzung stéisst, fir d’éischt emol guer näischt domatt ufänke kann. Ofkierzunge sinn also heiansdo eng Zort Geheimsprooch, e Jargon dee just vun Experten verstaane gëtt. Domat kann een sech och ganz gutt vun aneren ofgrenzen: SMS’en déi tëscht Teenager verschéckt ginn, si fir eeler Semester dacks just Buchstawenzalot: LOL oder OMG geet jo nach, bei 2l8 (ze spéit) oder brb (si gläich erëm)  weess schonn net méi all Mënsch bescheed, an der ginn et der nach eng Hellewull! Wann der zum Beispill “leia” um Display stoen hutt, ass dat eng schlecht Nouvelle, dat steet fir “Liebling, es ist aus” Méi kuerz kann een sech net faassen! Oder dach? Ofk....ass d’Ofkierzung...fir d’Wuert “Ofkierzung”

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.