Apropos vum Gérard FloenerDen Drang fir op de Knäppchen ze drécken

Et ginn esou Gewunnechten, déi stiechen a jiddwerengem dran. An och wann se u sech kee Sënn maachen, esou hu mir all Automatismen, déi mir wahrscheinlech mol guer net bewosst matkréien. Dem Gérard Floener ass bei sech selwer dat Verhalen opgefall.

Apropos: Den Drang fir op de Knäppchen ze drécken



An zwar wéi ech mam Vëlo um Wee op d'Aarbecht um Rond-Point Schuman bei déi rout Luucht komm sinn. Viru mir hat grad eng Fra op de Knäppchen gedréckt, mat deem een der Luucht mellt, datt een iwwert d'Strooss soll goen. An obwuel ech dat gesinn hunn, hunn ech nawell nach eng Kéier op de Knäppchen fir d'Vëlosluucht gedréckt.

Domat net genuch: Och op där anerer Stroossesäit hunn ech eng Persoun gesinn op de Knäppchen drécken, eng Persoun déi eréischt dono dobäi komm ass, huet och nach eng Kéier gedréckt. A well et mir net séier genuch gaangen ass, hunn ech och méi ewéi eng Kéier de Knäppche bei mir gedréckt, a gesinn, dat aner Leit genee déi selwecht Reaktioun haten.

Dat selwecht Spill kann ech all Dag observéieren, an och bei engem Lift, bei deem de Knäppchen engem net mat enger Luucht weist, datt e kënnt, huet een dacks den Drang, ëmmer nees op dee Knäppchen ze drécken. Och wann een am Fong genee weess datt et näischt bréngt.

Mëttlerweil fannen ech et witzeg wann ech bei eng Luucht kommen a mir d'Situatioun ukucken. Wouhier kënnt deen Drang, ëmmer nees op de Knäppchen ze drécken? Firwat dréckt een och drop, wann een net als éischte bei déi Luucht komm ass?

Hu mir wierklech esou wéineg Vertrauen an eis Matmënschen, datt mir léiwer selwer nach eng Kéier drécken, och wa mir am Prinzip wëssen, datt virdru schonn x-mol op de Knäppchen gedréckt ginn ass? Well et gëtt dofir net méi séier gréng, an och de Lift kënnt doduerch net éischter op mengem Stack un? Oder gëtt et do een natierlechen Drang, dee sech esou an eist Onbewosst agebrannt huet, datt mir guer net anescht kënnen, ouni béisen Hannergedanken?

Ech weess et net, probéieren awer mëttlerweil deen Drang ze ënnerdrécken a just dann nach de Knäppchen bei der Luucht ze drécken, wann ech als éischte bei esou eng Luucht kommen. Ausser wann all déi aner Leit iergendwann generft bei rout eriwwer ginn a fueren, well et esou laang dauert bis se gréng gëtt. Da froen ech mech awer op wierklech ee gedréckt huet, an drécken awer nach eng Kéier, fir op Nummer sécher ze goen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.