Apropos vum Christiane KremerEur"ABB"a

... oder wat d'EU mat engem schwedesche Pop-Grupp ze dinn huet.

An de 70er Joren, wéi ech a menger Lycées-Zäit war, war et verpönt Musek vun Abba ze lauschteren oder se och nëmme flott ze fannen oder matzesangen. Abba war en No-Go. No baussen! Nobannen hu mer d'Titelen all auswenneg kannt an hunn et och iergendwou cool fonnt, wéi déi véier Schweden sech erausgefiizt hunn, wa se opgetruede sinn a wéi hir Lidder an d'Ouer gaange sinn. Haut ass ABBA iergendwéi Kult an hir Musek kennen och déi Jonk vun haut. Vläicht och, well et se als Band net méi gëtt a se sech net fir all Millioun vun der Welt kréie loossen e Comeback ze maachen. Dat huet dach schonn eng gewësse Klass.

Dëse Phänomän ABBA ass mer an de leschten Deeg an de Kapp komm, wéi ech d'Festivitéite fir den 60te Gebuertsdag vun der EU suivéiert hunn. Ech weess Dir sot elo, wat ass dann do fir en Zesummenhang? Ech ginn zou en ass och e bëssi wäit hiergeholl, mä trotzdem sinn ech a menge Gedanken net laanscht dee Verglach komm.

Ech muss awer präziséieren, datt deen net direkt mat de Feierlechkeeten zu Roum ze dinn hat, mä vill méi mat de villen Demonstratiounen, déi op eemol an alle Länner vun der EU entstane sinn. Do gi jo tatsächlech Mënschen op d'Strooss an drécken hir Solidaritéit fir Europa aus, weisen, datt se un d'EU gleewen oder solle mer emol soen, datt se wëllen op d'Stäerkten opmierksam maachen, déi eng Gemeinschaft vu Länner huet, wa se un engem Seel zéien, um Seel vum Fridden. Well dofir war d'EU viru 60 Joer gegrënnt ginn.

Mä wat hu mer vrun allem déi lescht Joren erlieft: e risege Gruef tëscht den Institutiounen an de Mënschen, tëscht de verschiddene Memberlänner an hire Fuerderungen, all Woch Demonstratioune géint dës Gemeinschaft, Opruff zum Austrëtt an um Enn souguer tatsächlech de Brexit.

A bal kee méi, deen Europa a senger Iddi a Konstitutioun no bausse verteidegt huet. Et huet een sech am Fong net getraut ze soen: Europa wier eigentlech eng gutt Saach. Dat war net in. En No-Go.

Datt awer grad elo mol nees Mënschen, a vrun allem Jonker, fir Europa op d'Strooss ginn, gëtt dem Ganzen nach Hoffnung.

Just, an do si mer awer da wäit ewech vun ABBA, datt d'EU e Comeback soll a muss maachen, fir sech a fir eis, an eise Käpp an an eisem Zesummeliewen. Dat ass sécher net einfach, mä dat hätt Klass. A wier vläicht och Kult.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.