Apropos vum Gérard FloenerIwwerwaachung

Een Iwwerwaachungsskandal beim lëtzebuerger Geheimdéngscht a leider ëmmer nees Attentater déi beweisen, datt déi vun den Autoritéite gewënschten Iwwerwaachungsmesuren näischt bréngen. An do wou se ee Resultat kéinten hunn, gi se viru Geriicht fale gelooss.

30/03/2017 Apropos: Iwwerwaachung



Ufank Mäerz ass an Amerika eng Geriichtsaffäre géint ee Mann, dee sech wéinst dokumentéiertem sexuellem Mëssbrauch vu Kanner ze veräntweren hat, fale gelooss ginn.

Net wëll den FBI näischt géint hien an der Hand hat, mä well si net wëllen ëffentlech maachen, op wéi eng Manéier si déi verdächteg fonnt hunn.

Den FBI huet am TOR-Réseau, engem soi-disant anonymen Deel am Internet, dee gär als déi Plaz duergestallt gëtt, an där nëmme Krimineller ënnerwee sinn, eng Säit iwwerholl, déi Biller a Filmer vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner verbreet huet. U sech ass TOR esou geséchert, datt een net erausfanne kann, wie sech do dra beweegt. Mä den FBI huet do ee Sécherheetslach fonnt, mat deem si déi Anonymitéit ophiewe kënnen. An esou konnten um Enn 135 Persoune vir Geriicht gestallt ginn, déi sech op déi Säit d'Material siche komm, fir deem infekten Drang no ze goen sech un esou Biller opzegäilen.

Wéi d'Affär awer sollt verhandelt ginn, huet den FBI awer refuséiert ëffentlech ze maachen, wéi si d'Identitéit vum Ugekloten an engem anonymen Netz erausfonnt hunn. Dat wier keng Optioun, well se déi Method geheim hale wëllen, well se och nach an aneren Enquête gebraucht gëtt.

Do stellen ech mir dann awer d'Fro wat fir eng Enquête do nach méi helleg ka sinn ewéi ee méigleche Kannerschänner ze bestrofen, och wann et "nëmmen" ee virtuelle Mëssbrauch iwwert Internet wor.

Wahrscheinlech muss de Kampf géint den Terror als Entschëllegung dofir duer halen, datt den FBI seng Methoden net wëll viru Geriicht erklären. Dobäi weisen all déi rezent Attentater, vu Paräis iwwert Bréissel, Berlin an d'lescht Woch London, datt d'Attentäter scho längst am Viséier vun den Autoritéite woren, an d'Attentater nawell net konnte verhënnert ginn.

Si Kannerschänner an Terroristen um Enn nëmmen ee Virwand fir eng Iwwerwaachung vun alle Bierger an ze féieren, déi a Wierklechkeet ganz aner Interessien huet, ewéi dat, wat offiziell gesot gëtt? Dann ass um Enn d'Iwwerwaachung d'Gefor fir d'Demokratie, an net den Terror an d'Angscht do virdrun!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.