Apropos vum Michelle Reiter: Stell der vir

Déi lescht Woch huet d'Michelle Reiter e Video geschéckt kritt. Eng Geschicht mat um Enn enger Moral déi ee sech méi dacks kéint virun An halen.

04/04/2017 Apropos : Stell der vir



D'Geschicht geet folgendermoossen.
Stell der vir, du hues an engem Concours gewonnen.
All Moien hues du op dengem Kont op der Bank 86.400 €.
Awer, dat Spill huet gewësse Regelen:
Déi 1. Regel :
Alles wat's du am Laf vum Dag net ausginn hues, kriss de Owes erëm ewech geholl.
Du kanns déi Suen net einfach op en anere Kont iwwerweisen.
Du kanns d'Suen nëmmen ausginn.
Awer all Moie wann's Du waakreg gëss, stellt d'Bank dir op en Neits 86.400 € zur Verfügung.
Déi 2. Regel :
D'Bank kann deem Spill, ouni dech vir ze warnen, zu all Zäit en Enn setzen.
Si kann däi Kont zou maachen. Du kriss keng nei Sue méi an d'Spillchen ass eriwwer.
Wat géings du maachen?
Wat géings de dir alles kafen?
Wat häss de gär?
Net nëmme fir dech selwer, mee och fir all déi aner Mënschen mat deenen's de frou bass?
Du géings jo bestëmmt ob allefall probéieren all Cent esou aus ze ginn, dass de de Montant optimal notz, oder?
An da kënnt de Saz :
Mee weess de, dat Spill ass 'Realitéit'.
Jidderee vun eis huet esou eng Bank.
Mir gesi se just net, well déi Bank ass eis Zäit.
All Moie kréie mer 86.400 Sekonne Liewe fir deen Dag geschenkt a wa mer Owes schlofe ginn, kréie mer déi Zäit déi iwwerreech bleift net gutt geschriwwen.
All dat wat mer deen Dag net gelieft hunn, dat ass verluer.
Gëschter ass passé.
All Moie fänkt de Konto u sech nei ze fëllen, awer d'Bank kann dee Kont zu all Zäit opléisen, ouni Virwarnung.
Dofir, genéiss d'Liewen.
Deem wëll ech och elo näischt méi bäi flécken.
Déi Geschicht steet fir sech.
Och wa se vläicht e bësse kitscheg ass. Et ass méi wéi e Fonke Wourecht dran.
Wat all Eenzelen elo domat ufänkt... dat geet op säin eegene Kont.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.