Apropos vum Daniel NepgenEch meckeren, also sinn ech

Den Internet weess anscheinend alles iwwert eis. An awer ass e kee Spigelbild vun eiser Gesellschaft. Well et gëtt Saachen, déi fir de World Wide Web am doudege Wénkel leien. Där Meenung ass op alle Fall den Daniel Nepgen.

Apropos: Ech meckeren, also sinn ech


An der lescht denken ech dacks un eng Ausso vum André Kostolany. De Finanzexpert an Auteur sot, dass ee viru wichtegen Decisiounen eng Nuecht driwwer schlofe sollt. Nëmme wann ee muer bei klorem Verstand nach vun enger Iddi iwwerzeegt ass, déi een haut an der Euphorie super fonnt huet, sollt een handelen. Gedold ass eng wichteg Dugend, net nëmmen op der Bourse.

Dee Rot géing och an den Online-Knigge gehéieren. Iers de am Affekt eppes op enger Internetsäit kommentéiers, gëff der op d'mannst 24 Stonnen, fir et sacken ze loossen a fro dech duerno, ob dat, wat s de der Mënschheet wëlls matdeelen, wierklech Sënn mécht. Ech huelen d'Facebooksäit vun RTL als Beispill. Géing ech unhuelen, de Feedback do wier representativ fir eis Nolauschterer, da géing ech de Sender zou maachen. Iwwert den Daum sinn dräi Véierel vun de Commentairen negativ, egal ëm wéi e Sujet et geet.

"Hutt dir keng aner Suergen, RTL" ... "Haalt op" ... "RTL ass de Schoussmippche vun der Regierung" ... "RTL ass de Schoussmippche vun der CSV" ... "Mir als Bierger goufen net gefrot" ... "Dat ass erausgeheitent Geld" ... "Wien interesséiert dat" ... an ëmmer nees beléift: "Et ass e Sak Räis a China ëmgefall" ...De World Wide Web ass wat dat ubelaangt blann op engem A. Well ech ka mer net virstellen, dass mer esou e frustréiert Vollek sinn. Hoffen ech emol ...

Déi Saachen huet ee fréier dem Wiert gezielt. A wann ee bei engem Pättchen säi Leed geklot hat, war d'Roserei verpufft. An dat wat een aus Frust eraus posaunt hat och. Awer elo ... Ass jidderengem seng Stëmm op eemol d'selwecht vill Wäert, just well een et ronn bruecht huet sech bei Facebook unzemellen? Gëtt dat engem d'Recht, ënnert e Reportage vum Besuch vun der Grand-Duchesse an der Kannerklinik ze schreiwen: "Kann si da mëttlerweil och eis Sprooch?". Oder eisem Ausseminister bei enger Ausso zum Brexit, ech zitéieren, "Aarschgelecks" virzegeheien? Ech fannen net.

Wann s de keng Ahnung vun eppes hues, da sief roueg an informéier dech. Wann s de e Sujet net ziviliséiert kommentéiere kanns, da looss d'Fanger ewech vum Clavier. Wanns de frustréiert bass, géi mam Hond an de Bësch spadséieren. Oder ebe bei de Wiert. Vläicht géing méi soziale Kontakt gutt doen, fir Iddie mol haart auszeschwätzen. Mä dofir, a besonnesch fir déi domat verbonne Reflektioun, brauch een Zäit.

Fir um Enn eng weider Finanz-Analogie ze gebrauchen: Wien an alles investéiert, investéiert um Enn an näischt. Genee esou ass et mam Meckeren um Internet. Et definéiert een sech net doduerch, dass een iwwerall säi Pefferkär bäileet.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.