Apropos vum Sandra MélanLiewensmëttelindustrie

An der leschter Zäit gëtt oft vu Fake News geschwat. Vu Ligen oder falschen Informatioune, kann een och am Beräich vun der Liewensmëttelindustrie schwätzen.

Skandaler an der Liewensmëttelindustrie sinn näischt Neits. Et denkt e just nëmmen un d’vergammelt Fleesch viru puer Joer. Trotzdeem huet mech besonnesch een Artikel un d’Nodenke bruecht. Do gëtt vun der Weltkiche geschwat: vun Thailand. Et ass vu bëllegem Fësch rieds, vu Scampien, déi mat Gel opgesprëtzt gi sinn an och vu synthetesche Reiskären.
 
Ech weess net wéi et Iech geet, mee wann ech Reis a Scampien am Buttek kafen, wëll ech awer schonn, datt genee dat dann och herno op mengem Teller leit. Ech wëll kee Fake-Reis iessen. Am Fong hunn déi gefälschte Liewensmëttel déi respektiv Nimm net verdéngt.
 
Et gëtt ebe versicht op allen Niveaue Suen ze spueren. Wann een dann eng Mayonnaise ësst, déi just sou schmaacht an ausgesäit wéi Mayonnaise, awer am Fong keng ass, oder eng Fleeschpreparatioun ësst, wou kee richtegt Fleesch dran ass, dann ass awer scho laang d’Grenz iwwerschratt ginn.
 
Wou soll dat dem Kierper gutt doen? Vu gesond ass do jo scho guer net méi ze schwätzen. Iwwerall héiert een a liest een, datt eng gesond Ernährung wichteg ass. Ech hunn awer do meng Bedenken, datt an deene Fake-Liewensmëttel  iwwerhaapt nach Vitaminne a Co dra sinn. Do stellt een sech d’Fro, wou dat hi féiert.
 
Et gëtt souguer dovu geschwat, datt  de Gewënn an der Liewensmëttelindustrie  mat deem aus dem Drogegeschäft ze vergläichen ass. Et geet also em Suen.
 
Net nëmmen d’Gesondheet vun dem Eenzelen steet domatter um Spill, mee d’Ëmstänn ënner deenen des Liewensmëttel produzéiert ginn si ganz bedenklech.
 
Gesondheet kann een net kafen. An e gutt Gewëssen och net. Mä egal ob bëlleg oder deier: op d’mannst op d’Etiquette misst een sech kënne verloossen. Well soss gi mir eng vun de wichtegsten Decisiounen einfach esou aus eisen Hänn

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.