Apropos vum Roland KaltéBedréien a bedréien ass zweeërlee

De Roland Kalté huet sech haut mam Sport a gesäit dora Paralelle mam normale Liewen wou villes net esou leeft, wéi et soll.

Eng „Schwalbe“ am Fussball ass: sech fale loosse mat wäit no vir ausgebreeten Äerm an d’Been liicht gespreizt. D’Haltung erënnert un d’Schmuewel, an dohier kéint dann och de Numm.
Fir d’Net-Fussball-Fachleit – e Foul virtäuschen, fir e Fräistouss ze kréien a fir de Géigner vläicht och nach eventuell eng giel Kaart.
Eh jo, eng Schmuewel, ... ass kloer d’Absicht vu vir eran den Arbitter an d’Zuschauer unzeschäissen. ’t ass nit, wéi wann een am Zweekampf de Géigner statt de Ball geréit. Wat an der Vitesse an am Äifer ëmmer erëm virkomme kann. Esou e Schwalbenzwaffer ass e Fuddeler. Weltmeeschterschafte goufe schonn duerch esou virgetäuschte Fouls entscheet. Deen Deal – eng giel Kaart fir e Weltmeeschtertitel – kann ee jo emol agoen.
An der amerikanescher NBA-Liga (also am Basket) kann esou eng Schwalbe, (Flop heescht dat do), bis 30.000 Dollar kaschten.
Fuddelen am Basket ass also e schéine Krack méi deier wéi am Fussball. Obwuel jo awer och do d’Sue mat der Schëpp verdeelt ginn.
D’Basketballer gesinn et wuel nit als einfache Regelverstouss, mä als eng Handlung aus enger verwerflecher Situatioun. Wat elo richteg oder falsch ass, weess ech nit. Ech gesinn awer, dass d’Behuelen am Sport ëmmer méi ofhëlt, mat Fairplay näischt méi ze dinn huet. Do gi Leit a voller Vitesse mat Bodycheck ëmgesäbelt, bewosst laanscht de Ball an de Géigner gefletscht, op e getrëppelt, wann en um Buedem läit, mat Ielebéi Zänn a Schanke gebrach. Dat ass näischt Rares méi, dat ass scho bal Usus. Vum Dopping als Gefuddels schwätze mer elo mol nit.
Anerersäits, kucke mer déi Matcher an eisem normale Liewen un, déi sinn nit vill besser. Fairplay an der Aarbechtswelt, vun der Politik nit ze schwätzen, wou gëtt et déi nach? Nosiicht, Récksiicht op eise Stroossen – ma geet et dann? Wéi komme mer dann do virun?
Mat engem béise Fanger, enger gieler Kaart, 49 oder 79 € „Avertissement taxé“, ech laache mech futti.
Wahrscheinlech hunn déi an der NBA nit esou Onrecht. Vläicht mussen déi Sanktioune vun de Verstéiss géint d’Wäerter vun der Gemeinschaft einfach méi deier ginn. An zwar fir een wéi fir deen aneren. Dass et deem Décken och esou wéi deet, wéi deem Klengen.

Mä keng Angscht! Wee soll dat dann aféieren? Utopie, Illusioun, e bëssi gesponnen. Mä 't soll ee jo heiansdo e bëssi spannen.

11/04/2017 Apropos bedréien a bedréien ass zweeerlee - Kal




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.