Apropos vum Camille NeyAss eisen Aarbechtsspäicher futti?

Wéi ass et méiglech, dass de Mënsch zu aussergewéinlechen, intellektuelle Leeschtunge fäeg ass, op de Mount ka fléien, déck Bicher kann auswenneg kennen an awer dacks net méi weess, wat e viru Sekonne gemaach huet? Dat léisst dem Camille Ney keng Rou ...

Dat mënschlecht Gehir ass jo esou eppes wéi e Computer – equipéiert mat Bios, ROM, RAM an HDD, op deenen alles kuerz oder laang gespäichert gëtt. Mee dat mat eisem Kuerz-Zäit-Gedächtnis mécht mir Suergen – dat wat den Aristoteles scho Reminescentia genannt huet!

Ass d’Streckeisen aus? Hunn ech déi viischt Dir zougespaart? Sinn d’Luuchten am Haus aus, um Wee fir an d’Vakanz? Ass den Auto zou? Hunn ech d’Kachplack ausgemaach? Ass d’Alarmanlag un? Déi eng oder aner vun dëse Froen hutt Dir Iech bestëmmt och scho gestalt, an nee – dat sinn net nëmme Froen, déi eng Fra sech stellt. Männer, gitt et zou: Dir sidd och schonn emol nees hannescht bei den Auto gaang, fir ze kucken, op Dir wierklech op de richtege Knäppche vun der Fernsteierung gedréckt hat! Mee firwat ass dat esou?

Firwat verhält een net, wat ee just viru Sekonne gemaach huet? De Reflex, net méi ze wëssen, wat een dausende Mol mécht, a wat derzou ka féieren, dass d’Haus a Flamen oder ënner Waasser steet oder den Auto geklaut gëtt? Soll ech dem Noper uruffe, fir kucken ze goen ? Oder soll ech selwer zeréck fueren an nokucken ? Sécher ass sécher! Hand op d’Häerz: Dir hutt dat och scho gemaach an ech wette mat Iech dass d’Dir zou, d’Streckeisen an d’Kachplack aus an d’Alarmanlag u waren! Mee et hätt jo kinnte sinn – a meeschtens assoziéiere mir dat mat eppes Negatives! Ass dat eng ugebuere mënschlech Paranoia virun eppes Schlëmmes wat kinnt geschéien?

Mee mir hëllefen eis jo ëmmer selwer, an duerfir ginn et jo elo an eiser Smart-Society Hëllefsmëttel, déi engem d’Äntwert op eis Froe kënne ginn! Appen, op deenen een eng Kamera doheem ka steiere fir ze kucken, op et e Problem gëtt, Alarmanlagen déi een op Distanz un an aus ka maachen an aner praktesch Funktiounen, déi eis d’Angscht viru méigleche Feeler kann huelen. Et ginn ewell och Streckeisen, déi sech automatesch ausschalten, Kachplacken, déi aus ginn, wann näischt drop steet asw. Alles schéin a gutt: all technesch Hëllefsmëttele wäerten et wuel ni fäerdeg bréngen, dass mir eise Kapp a Rou leeën? Aus oder un? Op oder zou?

Apropos: hutt Dir de Moien d’Fënsteren doheem all zougemaach?
Apropos: Ass eisen Aarbechtsspäicher futti?


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.