Apropos vum Gibbes BertoloDat kënnt dovunner!

Hand op d'Häerz: wie vun eis huet dann net schonn mol eng Kéier säin eegenen Numm gegoogelt? Apropos Gibbes Bertolo ...

Gëschter virun engem Joer: mäi Begriefnes am enkste Familliekrees, moies um 10 Auer um Kierfecht zu La Tronche bei Grenoble am Süd-Oste vu Frankräich. Ech war zwar net selwer mat dobäi, wéi a firwat och. Mä et war bestëmmt eng emouvant Zeremonie.

78 Joer - e laangt Liewen, an awer... bei gudder Gesondheet hätt een der gären nach e puer dobäi gehat. Mä vläicht war ech krank, ech misst mol meng Fra Claude froen. Oder mäi Fils Laurent. Oder d'Enkelkanner Marianne a Caroline, meng Schwëster Danielle a mäi Brudder Rolland. Oder meng Mamm Jeanne, déi mech iwwerlieft huet. Jeanne. Jo, dat ass oder war wierklech menger Mamm hire Virnumm. Wat fir een Zoufall awer och.
All dës Nimm stinn an der Doudesannonce. Um Internetsite "libramemoria". Kee vu menge "favorites" iwwregens, ech sinn (alt erëm nees) duerch deen ominéisen Zoufall drop gestouss. Oder war ech mer dat alles sichen, am Sënn vum Wuert ?

Jo, bis ewell sinn ech ëmmer dovunner ausgaangen, datt et mäin Numm nëmmen eemol op dëser Welt géif ginn.
Ech kennen der zwar zwee, déi op deemselwechten Dag gebuer gi sinn, awer sou e richtegen "Namensvetter" ass mir nach ni iwwert de Wee gelaf. Engem Guy Weber, Martin Schulz, Mario Rossi oder Pierre Richard passéiert dat net. Där ginn et der genuch op eisem Planéit.

Déi leschte Kéier, wou ech mäin Numm am weltwäiten Netz gegoogelt hat, war virun 3 oder 4 Joer. Einfach esou, aus purem Virwëtz. Leschte Weekend, ech weess och net firwat, hunn ech et dunn op en Neits probéiert. A stoussen effektiv op déi Doudesannonce. Normal, gell Diert, datt een do mol eng Grimmel erféiert. Ech wier och léiwer engem begéint, deen nach wibbelt a mat deem ech eventuell och Kontakt hätt kéinten ophuelen. Einfach esou, fir mol gewuer ze ginn, wat mäin "Alter Ego" dann sou am Liewen dreift. Esou awer weess ech elo, datt et mech op d'mannst eemol manner gëtt.

An nächster Zäit loossen ech dat mam Numm googelen léiwer mol sinn. Et gi méi flott an interessant Manifestatiounen ewéi dat eegent Begriefnes ...

Apropos



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.